Research

Menu

Back

Choose Language

September 15, 2021

BILBoard September 2021 – Méi luesen, reegelméissege Wuesstem

 

Eng vum Äsop senge Fabelen erzielt vun engem Wettlaf tëscht engem schnellen Hues an enger lueser, onermiddlecher Schildkröt. D’Lieser si sécher iwwerrascht, wann et der Schildkröt geléngt, den Hues ze schloen, dofir de Saz „Lues a reegelméisseg gewënnt een d’Course“. No enger wirtschaftlechen Erhuelung, déi d’Prognostiker duerch hir Vitess iwwerrascht huet, normaliséieren sech d’Wuesstemstauxen, a positiv wirtschaftlech Iwwerraschungen triede méi seelen op. Dat ass net eppes wat mir negativ ophuelen, mee mir gleewen éischter, datt d’Wirtschaft e méi nohaltegen Tempo adoptéiert a mir si weiderhin zouversiichtlech wat d’makroekonomesch Aussiichte fir di zweet Hallschent vum Joer betrëfft.

Kuerzfristeg hënneren Enkpäss an de Liwwerket- ten d’Ekonomien dorunner, hiert vollt Potenzial auszeschäffen, mee mir mengen dass dëst nëmmen dozou féiere wäert, d’Nofro an d’véiert Trimester vun dësem Joer an an d’Joer 2022 ze drécken an domat den Zyklus ze verlängeren. Ofgesi vun den Enkpäss sinn déi wichtegst Wuesstemsfacteuren nach ëmmer present:

  • D’Tauxe vun den Impfunge ginn nach weider erop. Weltwäit goufe schonns 5,3 Milliarden Dosen administréiert an een Impfstoff (Pfizer-BioNTech) huet et erreecht, no der Noutzouloossung elo vun der FDA d’vollstänneg Zouloossung ze kréien. D’Ver- breedung vun den Impfstoffer huet manifestement dozou bäigedroen, d’Zuel vun den Hospitalisatiou- nen an Doudesfäll erof ze drécken.
  • De Konjunkturprogramm bleift op Kurs. An den USA huet de Senat en Infrastrukturpak an Héicht vun 1 Billioun Dollar geneemegt, iwwert deen d’Representantenhaus nach virum 27. September ofstëmme wäert. An Europa koum et am August zu den éischten Ausbezuelunge vum paneuropäesche Relance-Fong. Déi eligibel Länner hunn eng Virfi- nanzéierung an Héicht vun ongeféier 10-13 % vun hirem Usproch kritt, wat sech geschwënn an der Realwirtschaft erëmspigele wäert. Am Osten huet China ugekënnegt, de Mindestreservesaz fir Banken erof ze setzen an d‘Staatsausgaben ze beschleune- gen.
  • D’Geldpolitik bleift momentan ënnerstëtzend, mee d’Investisseuren an d’Zentralbanker si sech a gläichem Mooss bewosst, dass déi haiteg Moossnamen net onbegrenzt kënne weider geféiert ginn, well d’Inflatioun soss ausser Kontroll gerode kéint. De Präisindex vun der Eurozon ass am August ëm 3 % eropgaangen, wärend de leschte Wäert an den USA bei 5,4 % (fir Juli) louch.

Wéinst dëser Situatioun geet den Trend elo a Richtung vun engem Ralentissement. D’Bank of Korea war déi éischt grouss asiatesch Zentralbank, déi hire Leetzëns (ëm 25 Basispunkten op 0,75 %) erop gehuewen huet, wärend den zentralen Zenario, deen an de Protokolle vun der Federal Reserve gewise gouf, elo e méi luese Tapering ass, deen dëst Joer ufänkt. No den aggressive Kommentare vun e puer Gouverneure vun der EZB gouf d’Rendementskurv vun den europäeschen Staats- emprunten méi steil, an d’Investisseuren waarden elo op d’nächst Sëtzung vum 9. September fir weider Unhaltspunkten.

E Ralentissement ouni Rosereiskris?

Um Héichpunkt vun der Kris vun 2020 hunn d’Zentral- banken eng Haltung ugeholl, bei där si sech alles erlabe konnte wat néideg war, wat zu enger ëmgedréiter Welt geféiert hutt, an där negativ Rendemente vu globale Scholden am Wäert vun iwwer 15 Billiounen Dollar ze verzeechnen sinn. Eng Rei Leit fäerten, dass sech d’Zentralbanken esou wäit an d’Kanéngerchersslach verrannt hunn, dass et schwiereg gëtt, erëm doraus eraus ze kommen. Mir mengen awer, dass d’Fed an der Lag ass, e Ralentissement ouni Rosereiskris duerch- zeféieren. Éischtens huet sech d’Fed ganz transparent gewisen an d’Mäert op eng graduell Reduzéierung vun den Akeef vu Verméigenswäerter virbereet. Zweetens huet d’Fed um Symposium zu Jackson Hole d’Mäert berouegt, andeems si confirméiert huet, dass et kee mechaneschen Zesummenhang tëscht dem Zäitpunkt vum Ralentissement an enger eventueller Hausse vum Zilberäich fir d’US-Leetzënse gëtt. Drëttens ass de PIB vun den USA bal erëm op sengem 10-Joer-Du- erchschnëtt vu virun dem Covid zréck, dank beispilllose geld- a fiskalpolitesche Stimuli: Et huet mindestens 5 Joer gedauert, bis d’Ekonomie am Joer 2013, wéi déi lescht Rosereiskris bei Ralentissementer stattfonnt huet, erëm den Trend vu viru 2008 erreecht hat. A schliisslech dierften och d’Reverse-Repo-Facilitéit (RRP) an d’Standing-Repo-Facilitéit (SRF) vun der Fed dozou bäidroen, iergendwellech Liquiditéitsauswier- kungen z‘amortiséieren.

Aktien

Risikoinvestissementer floréiere weiderhin, och wann de Wuesstem noléisst, an am August konnt den S&P 500 de siwente Mount hannereneen am grénge Be- räich ofschléissen - di längste Gewënnserie säit 2017. Eng Rei Leit prophezeie Spëtzewäerter (Gewënner, Wu- esstem, asw.), mee mir mengen, dass d’Aktie weiderhin duerch räichlech Liquiditéit, en ëmmer nach staarkt makroekonomescht Ëmfeld, an och duerch fiskal- a geldpolitesche Stimulus ënnerstëtzt ginn. Doriwwer eraus seet eng weider exzellent Gewënnsaison am zweeten Trimester Guddes fir zukünfteg Revisiounen aus. Wat Secteuren ubelaangt, hu mir nach ëmmer eng Präferenz fir zyklesch Wäerter wéi z.B. zyklesch Consommatiouns-Produiten, Materialien, Energie a Finanzwäerter, woubäi déi lescht eng Ofsécherung géint steigend Zënse representéieren.

Aus regionaler Siicht hu mir an den USA, Europa a China en Iwwergewiicht. D’Entreprisen aus den USA hunn an der Gewënnsaison fir d’zweet Trimester eng Rekordzuel vu positiven Iwwerraschungen erlieft, wärend de kommende fiskalpolitesche Stimulus d’Beschäftegung, de Wuesstem an d’Aktien ënnerstët- ze wäerten. Och wann d’Consommatiounsvertrauen a leschter Zäit e Réckschlag erlieft huet, deit d’Accelera- tioun vun de Liwwerungen (1 % am Juli no 0,6 % am Juni) dorop hin, dass d’Ausrüstungsinvestissementer vun den Entreprisen en antizipéierte Ralentissement vun de Consommatiounsausgaben ausgläiche kéinten an d’Ekonomie am drëtten Trimester en zolitte Wuesstemstempo kéinten halen. An den USA hale mir un enger wäertorientéierter Ausriichtung fest, well mir dovun ausginn, dass well d’Fed ufänkt méi lues ze maachen, d’Zënsen no uewe klamme kéinten an esou d’Value-Aktien ënnerstëtze kéinten.

Och an Europa war d’Gewënnsaison am zweeten Tri- mester besser wéi erwaart a bis elo hat d’Delta-Variant nëmmen e limitéierten Impakt op d’Stëmmung. Europa ass opgrond vu senge wäertorientéierte Charakteristi- ken an der Reegel en Haaptbeneficaire vu steigenden Inflatiouns- an Zënserwaardungen.

D’aktuell Bewäertungsniveaue maache China nach méi interessant, besonnesch wann ee se mat méi laangfristege Wuesstemschancen an der Regioun ofweit, déi och e stabilt Gewënnëmfeld bitt. Ob- schonns déi rezent PMIen enttäuscht hunn, menge mir, dass dëst gréisstendeels op temporär Facteure wéi Iwwerschwemmungen an nei Beweegungslimitatiou- ne fir d’Delta-Variant anzedämmen, zréck ze féieren ass. Natierlech stellt den aktuelle regulatoreschen Iwwerschoss e gewësse Risiko duer a mir kënne weider politesch Moossnamen net ausschléissen. D’Regula- tioun vun de Big Tech an der „neier Wirtschaft“ ass e globaalt Thema, dat och an den USA an an Europa verfollegt gëtt. Den Ënnerscheed besteet dodran, dass de Kommunikatiounsstil vu Peking vun deem, wat d’in- ternational Investisseure gewinnt sinn, ofwäicht, mee mir gleewen, dass déi doraus resultéierend Volatilitéit eng Chance bitt.

Obligatiounen

Mir si bei dëser Investissementsklass zréckhalend an erwaarde lues a lues eng Hausse vun de Rendementer, Hand an Hand mat den unhalende makroekonome- sche Stäerkten. Mir ginn dovun aus, dass d’10-Jores- Rendementer an den USA weider klamme wäerten, wann och nëmme moderat am Verglach zu hirem Verlaf bis elo, an dass d’europäesch Zënssätz sech warscheinlech änlech entwéckele wäerten.

Mir hunn eng Präferenz fir héichwäerteg Entreprisen (obwuel d’Ecarten enk sinn an d’iwwerschësseg Rende- menter duerch Selektivitéit an Carry erzielt musse ginn) a Wäertpabeiere mat héijem Rendement (de preferéierten Universum fir Investisseuren op der Sich no Rendement, an deem den Undeel vun de schlechte Scholden niddreg ass a wou d’Zuel vun den Eropstu- fungen d’Zuel vun den Erofstufungen esouwuel an Europa wéi och an den USA an de leschten 10 Joer ëm dat dräifacht iwwerschratt huet).

Bei den Obligatiounen aus de Schwellelänner hu mir weiderhin eng Präferenz fir Obligatioune vun Entre- prisen, well déi e méi effiziente Puffer géint d’steigend Realrendementer bidden, wärend d’Kapitalstréim méi stabil sinn.

Réistoffer

Virum Hannergrond vun enger Normaliséierung vun der Politik a méi héijen Zënse si mir bei Gold virsiichteg. Mir bleiwe positiv fir de Pëtrol. Trotz der erwaarter Decisioun vun den OPEC+, hir deeglech Quantitéit ëm 400.000 Barrel pro Dag ze erhéijen, ginn d’Pëtrols-Futures erop. D’Erhuelung vu der Nofro no Pëtrol dierft sech an den nächste Méint fortsetzen, an d’Investisseuren observéieren d’Pëtrolspräisser genau, nodeems de Stuerm Ida mindestens 94 % vun der Offshore-Pëtrol- a Gasproduktioun am Golf vu Mexiko gestoppt huet.

Zesummefaassung

Am Kontext vun eisem Basiszenario, deen eng Kombi- natioun aus méi luesem, awer unhalendem Wuesstem, dem Ufank vum Ralentissement vun der Fed an enger méi zéier Inflatioun gesäit, dierften d’Zënsen op méi laang Zäit lues a lues erop goen. Mir sinn trotzdeem der Meenung, dass méi héich Kreditkäschten de Wuesstem erwierge kéinten. Well d’Fed d’Zënssätz warscheinlech nach wärend enger Zäitchen net erop setze wäert, kann d’Kurv vun de Rendementer eiser Meenung no vun elo un méi steil ginn, wat am Aklang mat eiser recommandéierter Iwwergewiichtung vun zykleschen Investissementsklassen a Value steet.


More

March 22, 2024

Bilboard

BILBoard April 2024 – Shifting sands ...

The sands in the investment landscape have shifted in that it appears major central banks have tamed inflation without triggering a deep economic downturn. At...

March 11, 2024

News

Are we watching an AI bubble inflate?

After hitting a new all-time high at the beginning of March, the S&P 500 might be on track for one of its best first quarters...

March 7, 2024

News

Weighing the impact of global warming...

  It’s peak ski season, but snow sport aficionados are arriving on European slopes to discover that a crucial ingredient is in short supply: snow....

February 23, 2024

Bilboard

BILBoard March 2024 – Rate cut ...

      Spring is around the corner. The days are getting a little longer and brighter, while the cherry blossom tree in the BIL...

January 25, 2024

News

Video summary of our Outlook 2024

In 2023, markets have navigated between optimism and pessimism, but landed on the optimist shore In 2024, we should continue to see volatility dictated by...

All articles