Research

Menu

Back

Choose Language

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerungen an der Investissementslandschaft

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg hu sech d'Maarterwaardungen, datt Zënssenkunge bevirstinn, geluecht, ouni d'Mäert ze perturbéieren. Dës Entwécklungen, zesumme mat iwwer der Erwaardung leiende Resultater a KI-Begeeschterung hunn déi weltwäit Aktienindexen an de leschte Méint op Rekordhéichte gedriwwen. D'S&P 500, den Nasdaq, de japaneschen Nikkei 225, den däitschen Dax an de franséische Cac 40 hunn all nei Spëtzten erreecht. Obwuel d'Bewäertunge méi héich sinn, kéint d’Dynamik kuerzfristeg staark bleiwen a manner risikoavers Investisseure kéinte wëllen asteigen, fir vun den Opwäertsbeweegungen ze profitéieren, esou ewéi mir et Mëtt Mäerz bei eisen Héichrisiko-Profiller gemaach hunn.

Makroekonomeschen Ausbléck

Déi aktuell Datelag deit op e resiliente makroekonomeschen Hannergrond hin an deementspriechend hunn d'Ekonomisten hir Rezessiounserwaardungen op béide Säite vum Atlantik zeréckgeschrauft.

An den USA gëtt dervun ausgaang, datt d'Wuesstum nom héijen Niveau vun dësem Joer (3,2 % Wuesstum am 4. Trimester) méi lues virugeet an en Zenario „ouni Landung“ („No landing“-Zenario) Realitéit gëtt. D'Kärinflatioun geet schrëttweis erof an eng Entspanung um Aarbechtsmaart zeechent sech of, wat eng Zënssenkung am Juni méiglech erschénge léisst. D'Aktiepräisser sinn Enn 2023 geklomm, befeiert duerch Hoffnungen, datt d'Fed d'Zënssätz bis zu sechs Mol dëst Joer kierze kéint, ma d'Hausse ass weidergaang, obwuel d'Investisseuren hir Hoffnungen op nëmmen dräi oder véier Zënssenkungen zeréckgeschrauft hunn (der Fed hire Punktendiagramm deit op dräi hin). Dat schéngt dorop ze berouen, datt d'Zënskierzungen erausgerechent ginn, mee net well d'Investisseure sech iwwerméisseg iwwer d’Inflatioun suergen, mee well si vis-à-vis vun der Wirtschaft méi optimistesch sinn. Déi méi héich ewéi erwaart Resultater beim Entreprisëgewënn ënnermaueren dës Iddi, wouvun d'S&P 500-Entreprisen d'Schätzunge gesamtwirtschaftlech ëm 8 % iwwertreffen.

An der Eurozon ass net vill a puncto Wuesstum dëst Joer ze erwaarden. Et kéint allerdéngs schonn duergoen, datt eng méi déif Rezessioun ofgewent gouf an d'Wuesstum just kuerz ënner Null gefall ass, fir dëst als duuss Landung ze bezeechnen. Den Aarbechtsmaart ass dobäi den droende Pilier mat engem Aarbechtslosentaux, deen op e Rekorddéif vu 6,4 % fält. Doriwwer schéngen d'PMIen, ugedriwwen duerch de Servicesecteur, hiren Déifpunkt erreecht ze hunn, an den europäesche Surprise-Index war fir d'éischt zënter Mee erëm positiv. Obwuel Däitschland nach ëmmer mat strukturelle Problemer kämpft, sinn Unzeeche fir eng Verbesserung erkennbar. Zum Beispill ass den IFO-Index am Februar liicht eropgaang, wéi den Entreprisen hir Zukunftsaussiiche manner negativ gi sinn an déi däitsch Industrieproduktioun déi éischt Kéier an néng Méint eropgaang ass. Bei der Geldpolitik huet d'EZB signaliséiert, datt d'Zënskierzunge scho kéinten am Juni ufänken. Si erwaart weider Daten zu Tarifofschlëss a Präisajustéierunge vun den Entreprisen, déi normalerweis um Ufank vum Kalennerjoer gemaach ginn.

A Japan ass d'Inflatioun zeréck, an déi uschléissend Ofwendung vun den Negativzënse markéiert en neit Kapitel. D'Makrodaten, déi duerch de Verbrauch niddereg gehal ginn, kéinten erëm méi frëndlech ginn: Wärend de järlechen Tarifverhandlungen am Fréijoer (Shuntō), hunn d'japanesch Aarbechter sech hir déckste Lounerhéijung an drësseg Joer ausgehandelt (duerchschnëttlech 4 %, no 3,6 % d'lescht Joer).

D'makroekonomesch Situatioun a China bleift schwiereg. Investisseuren hu gehofft, datt déi järlech „zwou Sitzungskonferenzen“ e konkreten, grousse Stimuluspak vun der Regierung géife bréngen, mee doraus ass näischt ginn.

Investissementsstrategie

Wuessenden Optimismus géintiwwer der Weltwirtschaft a besser Gewënner droen derzou bäi, déi global Aktiemäert unzedreiwen. D'Maartbreet verbessert sech, a mir sinn der Meenung, datt d'Dynamik kuerzfristeg kéint virugoen, well d'Investisseure kucke méi wäit ewéi just op déi eng Handvoll Gewënner an der IT-Branche a werfen hire Bléck op gutt Geleeënheeten an anere Secteuren a Regioune baussent den USA.

Well Zënssenkungen, déi net séier vun enger Rezessioun gefollegt ginn, dozou tendéieren, d'Aktiemäert an d'Luucht ze dreiwen, ass et sënnvoll, säin Engagement bei entwéckelte Maartaktien auszebauen, esoulaang d'Risikoloscht matmécht.

Dofir hu mir bei den Héichrisiko-Profiller eis allgemeng Aktieniwwergewiichtung eropgesat duerch:

  • Opstockung vun eisem USA-Engagement – d'Regioun bitt eenzegaarteg Méiglechkeete fir Engagementer géintiwwer vu strukturellen Theemen ewéi KI an Digitaliséierung, woubäi d'Erträg 2024 duerch d'Resilienz, déi falend Zënssätz an de méi schwaachen USD weider positiv kéinten iwwerraschen.
  • Reduzéierung vun eisem Ënnergewiicht bei europäeschen Aktien – d'Bewäertunge sinn déif an a verschiddene Secteuren tauche Liichtblécker op. Eng Handvoll Luxusentreprisë lafen zum Beispill gutt, trotz Wirtschaftsschwächt a China, a verschidden Entreprisen hu quasi e Monopol bei Deeler vun der Halbleiter-Liwwerketten. Mir bezéien eis heibäi op Käreuropa a vermeiden den Ament brittesch a Schwäizer Aktien.
  • Eropstufung vu Japan vun neutral op Iwwergewiichtung – d'Makrodate si besser ewéi gefaart, zudeem fërdere Corporate-Governance-Reformen den Aktionärswäert an erhéijen d'Eegekapitalrendit.

Fir dës Aktiekeef ze finanzéieren, hu mir eist Engagement géintiwwer Kreditmäert reduzéiert an deemno d'Geamtduration vun den Héichrisiko-Portefeuillen erhéicht.

Bei Niddereg- a Mëttelrisiko-Portefeuillë si mir der Meenung, adequat Engagementer mat insgesamt neutralem Positionnement ze hunn. Dobäi gi méi niddereg Aktiegewiichter mat engem Iwwergewiichtspositionnement bei Europäeschen Investment-Grade-Entreprisenobligatioune a bei US-High-Yields kompenséiert.

Secteurpreferenzen

Mir hunn och eis Reunioun am Mäerz genotzt, fir eis Secteurpreferenzen nei ze setzen, esou datt se déi aktuell Entwécklunge spigelen.

Immobilie goufe vun neutral op positiv eropgesat, well déi méi déif Zënsen dem Secteur eng Otempaus verschafen. Mir weisen dorop hin, datt mir kommerziell Immobilie vermeiden an eis op Logistik- a Wunnimmobilie konzentréieren.

Europäesch Netbasiskonsumgidder goufen och vun neutral op positiv eropgestuuft, well de Secteur vun engem frësche Vertrauen a Luxusgidder an Autoe profitéiert. Zudeem sollt déi méi niddereg Inflatioun an ongenotzten Erspuernesiwwerschëss eng Erhuelung am europäesche Verbrauch an der ganzer zweeter Hallschecht vun 2024 begënschtegen.

Gläichzäiteg gouf de Secteur vun de Basiskonsumgidder op neutral erofgestuuft. An den USA ass d'Diskrepanz tëschent der bléiender Wirtschaft an de Stéit mat geréngem Akommes evident. Entreprisen, déi op dat ënnescht Verbrauchersegment ausgeriicht sinn, fillen den Drock. Et besteet och de Risiko, datt de Maart den Impakt vu Medikamenter fir ofzehuelen op Liewensmëttel- a Snackkonsum iwwerextrapoléiert. Dat biergt de Risiko, datt och wann de Maart op eng risikoavers Stëmmung ëmschléit, sech dësen defensive Secteur net esou staark entwéckelt ewéi an der Vergaangenheet, hisiichtlech der Gefor fir d'Erträg duerch eng beschränkt Erhuelung beim Volume an e gefillte Konsumréckgang vu Liewensmëttelen an Alkohol.

De Rostoffsecteur gouf vun negativ op neutral eropgesat. Eis gefält besonnesch de Baustoff-Deelsecteur, well d'Hiersteller et fäerdegbréngen hir Präisser ze erhéijen, wärenddeem d'Hierstellungskäschte falen. Energie (Elektrizitéit, natierleche Gas a Kuel), Stol an aner Käschte leien all méi déif am Verglachsniveau vun 2023. Méiglecherweis sinn nach ëmmer éischter flaach Volumetendenze fir déi nächst Méint ze gesinn, mee d'Zënssenkunge sollten den Niveau vu Baugeneemegungen a Wunnengsneibau verbesseren an domat och d'Volummen ukuerbelen. Ze beuechten ass och, datt d'Kategorie vun de Biergbauprodukter wéinst der Schwächt vun de chineeseschen Immobilie weider ënner Drock steet. Eisenäerz geet op e Siweméintsdéif duer, wat eng negativ Auswierkung op d'Entrerpisen am Deelsecteur huet.

Conclusioun

D'Filmfannen hu bestëmmt scho gemierkt, datt d'Inspiratioun fir de BILBoard vun dësem Mount ënner anerem vum Blockbuster Dune: Part Two koum. Gradewéi um Planéit Arrakis, mat senge sech verschibende Sandbänken, leien d'Risiken nach ëmmer ënner der Uewerfläch, an änlech ewéi déi mat vill Zänn ausgestatt Sandwierm aus dem Film, weess een ni, wéini dës optauchen. Och wann de Makro-Ausbléck fir den Ament gutt ausgesäit, ass en onerwaarte Schock net auszeschléissen, wann déi finanziell Konditioune sech verschlechteren, woubäi déi kommerziell Immobilie besonnesch vulnerabel ausgesinn. Gläichzäiteg ass déi geografesch Landschaft onstabil. De gréisste Risiko ass awer warscheinlech, datt dat Gefill onbestänneg ass a sech séier ännere kann.

Dofir probéiere mir just a Profiller mat héijer Risikotoleranz weider Opwäertsbeweegungen anzefänken. Et ass an deem Sënn berouegend, datt de gréissten Deel vun eisem Aktieniwwergewiicht an den USA läit, enger Regioun, an där mir ëmfangräiche Verloschtschutz iwwer Optiounen derbäikaaft hunn, déi net virum FOMC am Juni auslafen.


More

April 25, 2024

Bilboard

BILBoard Mee 2024 – Faktencheck Zënss...

De leschte Mount huet eng Rei vun onerwaart staarken Daten aus den USA bruecht, déi weider d'Iddi vun engem „no-landing scenario“, engem Zenario „ouni Landung“...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

All articles