Research

Menu

Back

Choose Language

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesch Date loosse Wetten op Zënssenkunge zeréckgoen

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der Bléi. Och an den neiste Wirtschaftsdate spiert een e gewëssent Fréijoersgefill.

Wéi den IWF a senge leschte Wirtschaftsprevisioune geschriwwen huet „weist d'Weltwirtschaft weiderhin eng erstaunlech Resilienz op, a mir befannen eis elo op der leschter Descente hin zu enger duusser Landung, mat kontinuéierlech sénkender Inflatioun a bestännegem Wuesstum.“ D'Konsenserwaardungen zur Warscheinlechkeet vun enger Rezessioun an den nächsten 12 Méint sinn op béide Säite vum Atlantik zeréckgaang.

D'US-Wirtschaft stécht wierklech fir hir kontinuéierlech Stäerkt eraus. D'Betriber blécken optimistesch op déi zukünfteg Konditiounen an d'Produktioun schéngt d'Servicer opzehuelen, elo wou d'Magaséngen erëm opgestockt ginn an d'Bannennofro sech als stabil erweist. D'Konsumentevertrauen huet am Januar en Zweejoreshéich erreecht, wat gréisstendeels dem Ëmstand gescholt ass, datt et um Aarbechtsmaart weiderhi sonneg bleift: Et koumen 353 000 Plazen am Januar bäi, bal duebel esou vill ewéi d'Maartviraussoen an däitlech iwwer déi 100 000 pro Mount, déi néideg sinn, fir mam Wuesstum vun der Aarbechtspopulatioun Schrëtt ze halen, wärend den Aarbechtslosegkeetstaux sech ëm déi 3,7 % beweegt.

Déi staark Daten, déi mir bis elo dëst Joer gesinn hunn, ginn der Fed déi noutwendeg Flexibilitéit, nach méi Sécherheet ze gewannen, fir datt d'Inflatioun op engem nohaltege Wee a Richtung 2 % ass. De Globaltaux läit den Ament bei 3,1 %, mee de Serviceundeel ass besonnesch zéi (+5,4 % iwwer d'Joer), deelweis verursaacht duerch déi klammend Gehaltskäschten, déi d'Entreprisen un d'Keefer weiderginn. Déi gutt Noriicht ass, datt d'Maarterwaardunge fir Zënssenkungen zeréckgaang sinn, ouni d'Mäert ze perturbéieren. Nach Ufank 2024 sinn d'Händler vun net manner ewéi 7 Zënskierzungen ausgaang; dëst Joer rechnen se nëmme mat dräi bis véier. Dat entsprécht méi der Fed hirem Punktendiagramm, deen Zënssätz weist, déi bis Dezember bis zu insgesamt 0,75 % erofginn. Bei der BIL menge mir, datt dräi Zënskierzungen dëst Joer ab Juli eng realistesch Aschätzung sinn.

Esouguer an der Eurozon gesäit een eng liicht Verbesserung an den Daten. D'Vermeidung vun enger technescher Rezessioun, den Ofwäertstrend vun der Inflatioun an d'Aussiicht op Zënssenkungen droen derzou bäi, datt d'Stëmmung sech bei den institutionellen Investisseuren (ewéi vum ZEW gemoosst), de Verbraucher an de Betriber verbessert. D'PMIe weisen zwar keng floréierend Wirtschaft, ma eng, déi hiren Déifpunkt erreecht huet. Awer net alles ass roseg. Déi méi streng finanziell Bedéngunge schloen sech an der Realwirtschaft néier, woubäi de gréissten Deel vum Impakt nach net spierbar ginn ass. 30 % vun den Hypothéike mat fixem Taux lafen dëst Joer an der Eurozon aus, wouduerch d'Stéit méi héijen Tauxen ausgesat sinn. Dat kéint d'Erëmopliewe vum Verbrauch, deen eigentlech d'Wuesstum ënnerstëtze sollt, hemmen. Gläichzäiteg bleift de Konstruktiounssecteur ferm ënner Drock, well de Maart fir Wunn- a Geschäftsimmobilien duerch déi héich Zënssätz an den Homeoffice-Trend perturbéiert ass.

D'Januarinflatioun louch bei 2,8 % an der EU, nëmme liicht ënner den 2,9 % vu virdrun. Erëm ass de Schëllegen de Servicesecteur, an deem d'Desinflatioun stëllsteet an d'Präisentwécklung wärend dräi Méint noenee bei 4 % läit. An dësem Zesummenhang huet d'EZB betount, datt de Lounwuesstum muss méi lues weidergoen. Deementspriechend encouragéierend ass de Fait, datt de Wuesstum vun den negociéierte Gehälter vu 4,7 % op 4,5 % am 4. Trimester gesonk ass. Fir allerdéngs ze bestätegen, datt en Ofwäertstrend agesat huet, bräicht d'EZB op d'mannst nach Date vun engem weideren Trimester, mee déi leien net virun der EZB- Reunioun am Juni vir.

Ewéi an den USA hunn d'Mäert hir Wetten op Zënssenkungen och an der Eurozon zeréckgefuer. Se gesinn elo eng 65%eg Warscheinlechkeet fir eng EZB-Zënssenkung am Abrëll, erof vun Zënssenkungen ëm 1,5, déi fir Ufank Januar mat acalculéiert goufen. Bei der BIL rechne mir mat enger éischter Zënssenkung am Juni oder Juli (Juli géif heeschen, der Fed zevirzekommen, dat wier awer méiglech, sollten d'Date méi schwaach ginn).

Am Oste bleift d'chineesesch Wirtschaft schwaach, woubäi eng Erhuelung gréisstendeels vu staatleche Konjunkturureizer ofhänkt. Staarke Verbrauch wärend de Festdeeg fir d'chineesescht neit Joer sollten net fälschlecherweis als Ufank vun der Erhuelung vun de Konsumausgabe gedeit ginn, well d'Stéit eng Tendenz hunn ze spueren an nëmme fir grouss Geleeënheete Geld auszeginn. Gläichzäiteg däerf de Risiko vun engem Iwwerdroungseffekt vun den US-Presidentschaftswale besonnesch um Aktiemaart net ënnerschat ginn. Deementspriechend verfollegt China eng méi strikt Duerchsetzung vun de Virschrëften an der Finanzindustrie; obwuel dat eng néideg Verbesserung fir d'laangfristeg Entwécklung vun de chineesesche Kapitalmäert ass, ass ze fäerten, datt domat déi schonn dréif Maartstëmmung nach verschlëmmert gëtt.

 

Investissementsstrategie

 

Fest Rendementer

Entspriechend eisem Zil, d'Duratioun no an no ze verlängeren, hu mir vun engem Ofverkaf profitéiert, fir eist Engagement bei Staatsobligatiounen ze vergréisseren. Well déi europäesch Zënssätz getrei mat den US-Treasuries erofgaang sinn a well de wirtschaftlechen Ausbléck an Europa méi schwaach ass, füüge mir léiwer nach europäesch Staatsobligatiounen amplaz US-Treasuries bäi. Obwuel d'Renditten nach kéinte liicht klammen, si mir der Meenung, datt mir de gréissten Deel vun der Opwäertsbeweegung schonn hannert eis hunn. Dat erlaabt eis, en attraktiven Ertragsniveau ze sécheren, ier d'Geleeënheet eriwwer ass, an e Schutz géint e Wirtschaftsofschwong anzebauen. Dës Transaktioun hu mir duerch de Verkaf vun eisem vollstännege Reschtengagement bei Floatere (Floating Rate Notes) finanzéiert.

An alle Profiller bis op héich (wou mir méi Aktienengagement hunn), hu mir eist Investment-Grade- (IG-)Obligatiounsengagement zugonschte vun US-High-Yields (HY), déi attraktiv Erträg bidden, reduzéiert. High-Yield-Obligatiounen hunn op béide Säite vum Atlantik d'Joer positiv ugefaang. Mee, wéinst de Maturitéitswänn, déi an Europa zum droe kommen, zéie mir d'USA vir, wou de Problem net esou verbreet ass. Gradewéi um IG-Maart wetten d'Investisseuren och hei op en duusse Landungszenario, deen zu enke Spread-Niveaue féiert. D'HY bleiwe staark dynamesch an d'Gewënnprognose vun den Entreprisë suggeréiere kee plëtzleche Ralentissement. D'Ausfallquote steige viraussiichtlech dëst Joer, sollten awer iwwerbléckbar an däitlech ënner den Niveaue vu vergaangene Krise bleiwen. Trotzdeem konzentréiere mir eis op déi héchst Qualitéitsklass vum Maart. Mir weisen dorop hin, datt d'Transaktiounen EUR-hedged waren. Aus enger laangfristeger Perspektiv schéngt den USD géintiwwer dem EUR iwwerbewäert ze sinn, dofir hale mir léiwer en neutraalt Positionnement beim Dollar.

Allgemeng bleiwe mir bei eiser Iwwergewiichtung bei IG-Obligatiounen, bei deenen d'technesch Date staark sinn an d'Demande d'Offer iwwertrëfft. Mir sinn eis bewosst, datt d'Spreads nawell enk sinn an dofir eng liicht Erweiderung net kann ausgeschloss ginn. Europäesch IG hunn am Verglach mat US-IG nach ëmmer méi e weide Spread.

Aktien

Allgemeng behale mir eist neutraalt Positionnement bei Aktien, mat enger Ënnergewiichtung bei Europa a China an engem neutrale Positionnement bei Schwellemäert ausser China a bei Japan bäi.

Mir behalen eis Iwwergewiichtung géintiwwer den USA. D'US-Aktie stieche matzen an enger 14-wëcheger Gewënnserie (wéi et se net méi zënter 1972 gouf) a sinn dofir reegelrecht deier. Allerdéngs schafen drastesch reduzéiert Gewënnaschätzungen déi optimal Plattform fir US-Entreprisen, Erwaardungen ze iwwertreffen, besonnesch bei deem aktuell därmoosse staarke Wuesstum. Et ass och berouegend, datt mir nach ëmmer e Verloschtschutz (duerch Optiounen) hunn, falls Volatilitéit opkënnt.

D'USA bitt eng eenzegaarteg Expositioun fir strukturell Theemen ewéi KI an Digitaliséierung. Et ass méiglech, datt mir kuerz virun engem neie KI-gedriwwenen Zyklus stinn, deen d'Effizienzen, d'Produktivitéitssteigerungen an eng méi héich Profitabilitéit undreift. Duerch de Reshoring-Trend a steierlech Ureizer (CHIPs Act, IRA) hunn amerikanesch Entreprisë kräfteg an hir Produktiounscapacitéiten, KI a Robotik investéiert. Dat schéngt scho Friichten ze droen: d'Inlandsproduktivitéit erreecht Niveauen, déi et säit 2009 net méi gouf (ausser wärend der Pandemieperiod).

Secteurspezifesch behale mir eis Iwwergewiichtung bei Energie (eng geopolitesch Ofsécherung), Basiskonsumgidder (eng defensiv Entscheedung) an US-Netbasiskonsumgidder. IT bleift weiderhin iwwergewiicht mam Hiweis, datt Investisseuren, déi vun der staarker KI-gedriwwener Hausse, déi am Oktober 2023 agesat huet, profitéiert hunn, sollten derfir suergen, hiert Engagement nei auszebalancéieren, fir en Deel vum Gewënn ze realiséieren.

De Versuergersecteur gouf vu positiv op neutral erofgestuuft. De Präis, zu deem Versuergerentreprisen Elektrizitéit kënne verkafen ass enk un de Gaspräis gekoppelt, deemno kéinte mir an Zukunft e gewësse Margendrock an Uecht huelen. Europa huet 2024 mat engem Gasspäicher-Rekorfëllstand vun 86 % ugefaang: Schwaach Demande war de gréisste Motor opgrond vun niddereger wirtschaftlecher Aktivitéit nieft guddem Wieder (wéi dee virdrun erwäänte Kiischtebam, deen ausserhalb der Saison rosa blitt, bezeie kann). D'Tauxe bleiwen zwar héich, awer dem Secteur seng Attraktivitéit als Dividendestrategie ass beschiedegt.


More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

August 10, 2023

News

BILBoard August 2023 – Erausfuerderun...

D'Iddi, datt d'Zentralbanke vläicht mat hiren Zënssazerhéijunge fäerdeg sinn, gewënnt u Bedeitung. An den USA huet d'Federal Reserve d'Zënssätz eelef Mol bis an de Beräich...

All articles