Research

Menu

Back

Choose Language

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech do?

  • D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss.
  • Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz).
  • D'EZB huet ugedeit, datt de Summer Zënssenkunge kéinte kommen – awer dat hänkt vill vun der aktueller Datelag of.
  • Zënssenkunge ginn Hand an Hand mat méi luesem Wirtschaftswuesstum, dat heescht, datt da manner Entreprisë kapabel sinn, hir Gewënnerwaardungen ze erfëllen. Qualitéit ass hei de Schlëssel, gradewéi d'Haaptgewiicht op esou Entreprisen ze leeën, déi vu laangfristege Strukturverännerunge profitéieren.

2023 goufen d'Mäert haaptsächlech vun Erwaardungen ugedriwwen, wéi bal déi westlech Zentralbanke géife mat der Lockerung vun hirer Geldpolitik ufänken. Eng Mini-Bankekris, kloer Fortschrëtter bei der Inflatioun an Zuelen, déi méi schwaach ewéi erwaart waren, hunn de Maart derzou verleet, d'Zäitspann bis zum vill erwaarten Zënslockerungszyklus ze kleng anzeschätzen. Mee esou ewéi sech bei den Navi-Appen op engem verschneiten Dag d'Ankunftszäit dauernd ännert, droen hei déi resilient Aarbechtsmäert, de konstante Verbrauch an eng zéi Inflatioun am Servicesecteur hiert derzou bäi d'Faartzäit ze verlängeren.

2024, wéi mir weider a Richtung Zënssenkungen ënnerwee sinn, behëlt sech de Maart ewéi e Kand um Récksëtz, dat all fënnef Minutte freet „Si mir endlech do?“ a säi Gurt lassmécht, prett fir unzekommen. D'Zentralbanken (spréchwiertlech d'Elteren am viischte Sëtz) insistéieren op Gedold, am Wëssen, datt all Gerenns geféierlech wier – an den 1970er, wou d'Geldpolitik ze séier gelockert hat, hat d'Inflatioun erëm acceleréiert an et huet Jore gedauert, dës erëm ënner Kontroll ze kréien.

Am Januar goufe verschidde Versich gemaach, mam Maart ze räsonéieren an all Hoffnungen, datt e séieren, heftegen Zënssenkungszyklus virun der Dier steet, ze verdrängen.

An hirer Ried zu Davos huet d'Christine Lagarde zouginn, datt, ausser et kéim nach e grousse Schock, d'EZB effektiv bei den Zënssätz de Plaffong erreecht hätt, mee si sot och, datt d'Maartwetten op Zënssenkunge schonn direkt am Fréijoer „net hëllefräich“ am Kampf géint d'Inflatioun wieren. Zudeem sot si, datt d'EZB „esou laang ewéi néideg restriktiv bleiwen“ misst fir ze assuréieren, datt d'Inflatioun nohalteg um Wee zu hirem 2%-Zil ass. Dat bedeit, eng genau Beobachtung vun de Gehälter (déi am Géigesaz zu den USA nach keen Héichpunkt erreecht hunn), Gewënnmargen, Energiepräisser a Liwwerketten an den nächste Méint. Den EZB-Sitzungsprotokoll vum Dezember weist, datt keng Zënssenkungen diskutéiert goufen, mee d'Administrateure sech besuergt weisen, datt den Investisseuren hir Wetten op Zënssenkungen ab Mäerz d'finanziell Bedéngungen esou gelockert hätten, datt dës „den Desinflatiounsprozess scheitere loosse kéinten.“ D'Lagarde huet ze verstoe ginn, datt déi éischt Zënssenkung warscheinlech eréischt am Summer kënnt an eiser Meenung no, sollten d'Mäert dës Prognos behäerzegen.

An den USA schéngt och d'Fed hiren Erhéijungszyklus ofgeschloss ze hunn, well fir 2024 sinn dräi moderat Zënssenkunge virgemierkt. Ma de Maart gesäit sechs Zënssenkungen iwwer dee selwechten Zäitraum, ugefaang ab Mäerz, viraus. Eiser Meenung no ass dat iwwerméisseg optimistesch a léisst Raum fir Enttäuschungen. Esou en Abroch bei den Zënssätz géif eng Rezessioun implizéieren – en Zenario, deen net zu den aktuelle Makrodate passt. D'Bowman vun der Fed huet gewarnt, datt „de Risiko besteet, datt déi rezent Entspanung bei de finanzielle Bedéngungen eng Reacceleratioun vum Wuesstum begënschtegt […] oder esouguer eng Reacceleratioun vun der Inflatioun verursaacht.“

Mir mengen, datt d'Zentralbanken d'Hoffnunge fir Zënssenkunge weider andämmen, well all makroekonomesch Ukënnegung, déi besser ewéi erwaart ass, dobäi als Hindernis wierkt (wéi ee konnt gesinn, wou am Vereenegte Kinnekräich an an den USA d'Inflatioun besser ewéi erwaart war) an deemno zu Maartvolatilitéit féiert.

Wann d'Zënssenkungen dann endlech kommen, sollten d'Investisseuren dorun denken, datt déi vun noloossendem Wirtschaftswuesstum begleet sinn. 2024 kënnt de Moment vun der Wourecht, ob d'Zentralbanken et fäerdegbruecht hunn, d'Inflatioun ënner Kontroll ze kréien, ouni eng haart Landung fir déi eenzel Ekonomien ze verursaachen – eppes, wat een eréischt nodréiglech gewuer gëtt, well geldpolitesch Aktiounen eréischt mat 18 – 24 Méint Verzögerung hir Wierkung an der Realwirtschaft entfalen. Trotz der ëmmer méi warscheinlecher Aussiicht op eng duuss Landung an den USA, ass de Wuesstum nach ëmmer nëmmen d'Hallschecht vun deem vun 2023. An der Eurozon ass d'Wirtschaft eventuell schonn an eng schwaach Rezessioun iwwergaang, an dofir erwaarde mir hei nëmmen héchstens ganz more Wuesstum.

Déi makroekonomesch Situatioun a China bleift schwiereg. Den Ofschwong vun den Immobiliemäert geet an dat drëtt Joer, den Deflatiounsdrock bleift an de jëtzege Präiskrich an de Schlësselsecteuren (Elektrogefierer an nei Energietechnologien) dréckt op d'Entreprisëmargen. D'staatlech Ënnerstëtzung huet et bis elo net fäerdegbruecht d'Demande unzereegen an deemno hänkt d'Konjunkturprognos staark vu weideren Ureizer of.

Makroekonomesch Onsécherheet gëtt vu geopolitesche Spannunge begleet. Stéierunge bei der Schëfffaart am Roude Mier wierke sech op d'Liwwerketten aus (z. B. muss Tesla e Groussdeel vun der Produktioun am däitsche Wierk wéinst Liwwerverzögerunge bei de Komponenten aussetzen) a méiglech Implikatiounen esouwuel fir de Wuesstum ewéi och d'Inflatioun musse genee beobacht ginn – besonnesch wéinst dem grousse Volume u Réiuelegprodukter, déi duerch dës Regioun fléissen an der weider fragiller Energiesituatioun an Europa.

Dat alles weist op erausfuerderend Bedéngunge fir Risikoassets hin.

Investissementsstrategie

  • Weider Reduktioun vun europäeschen zugonschte vun amerikaneschen Aktienengagementer.
  • Halbéierung vun de chineeseschen Aktienengagementer, wouduerch eng Ënnergewiichtung vum allgemenge Positionnement entsteet.
  • Sécherung vu Gewënn am Beräich vun den Investment-Grade-Obligatiounen: Zoudeelung vun den Erträg op Bezuelmëttelen an US-High-Yields.
  • Aktiv Gestioun vun der Duration, Beobachtung vu Geleeënheete fir d'Ertragssécherung.

Aktien

Fir Aktieninvestisseure léise bei der Gewënnerwaardung ultimativ d'Finanzberichter d'Erwaardungen un d'Politik of, mee de Wuesstumsréckgang mécht et méi schwéier fir Entreprisen déi ze erfëllen. Mir sinn der Meenung, datt d'USA an där Hisiicht am beschten opgestallt ass: engersäits sinn d'Gewënnerwaardunge viru Kuerzem zeréckgaangen, wouduerch d'Lat fir d'Entreprisë méi déif läit an anerersäits ass den USA hir Makro-Landschaft méi robust. Zudeem bitt d'Regioun eng eenzegaarteg Expositioun géintiwwer strukturellen Theemen ewéi kënschtlecher Intelligenz, Digitalisatioun a Cloud-Computing, déi eiser Meenung no d'Mäert weider energetiséieren.

Virun dësem Hannergrond hu mir decidéiert, de Gewënn vun eisem europäeschen Aktienengagement ze sécheren an eis Iwwergewiichtung géintiwwer den USA deementspriechend ze vergréisseren. Dee vun eis am Dezember zousätzlech derbäigesate Verloschtschutz (deen zu där Zäit d'Hallschecht vun eisem US-Aktienengagement ofgedeckt huet) gouf bäibehalen – hoffentlech ass et mat deem esou ewéi mam Airbag am Auto, deen een net brauch; et trotzdeem awer gutt ze wëssen ass, datt en existéiert.

Bei enger weiderer Ajustéierung vun eiser Aktienexpositioun hu mir och decidéiert, eis Allokatioun bei China ze halbéieren, wat duerch déi unhalend makroekonomesch Schwächt zu enger Ënnergewiichtung vun eisem Positionnement féiert.

Beim Stil ass eng asymmetresch Approche unzeroden, déi en Engagement géintiwwer aggressive Maartnischen (ewéi IT) mat méi defensive Maartsegmenter ewéi Energiewäerter a Basiskonsumgidder ausbalancéiert. Allgemeng schloe mir eng Bottom-up-Approche vir, déi dorop ausgeriicht ass, Qualitéitsentreprisë mat relativer Gewënnstabilitéit ze identifizéieren.

Fest Rendementer

Bei den Obligatiounen hu mir déi lescht zwielef Méint domat verbruecht no an no Kapabilitéiten, déi Duration an Ertrag generéieren, auszebauen, wat sech bei der schneller Präisupassung am Dezember ausgezuelt huet. Elo wou d'Erwaardungen, wat den Timing an d'Ausmooss vun den Zënssenkungen ubelaangt, konterkaréiert gi vun der Kommunikatiounspolitik vun den Zentralbanken, de Makrodaten an den Hoffnungen an Ängschten, ass et eiser Meenung no un der Zäit d'Geleeënheeten, déi d'Duration an d'Gréisst bidden, aktiv ze geréieren, fir Revenuen ze realiséieren an ze sécheren.

Fir déi néideg Mëttelen dofir ze hunn, hu mir bei eisen Niddereg- a Mediumrisikoprofiller Gewënn op eisen Investment-Grade-Obligatiounen (IG-Obligatiounen) realiséiert an en Deel vum Erléis op Boergeld ëmdisponéiert. Boergelderträg si vergläichbar mat deenen, déi elo am IG-Beräich ugebuede ginn. Allgemeng bleiwe mir awer iwwergewiicht a konstruktiv beim IG-Segment, wou eng grouss Offer op eng robust Demande trëfft, wéi et déi iwwerzeechent Bicher beleeën. Gläichzäiteg schéngen d'Entreprisëbilanzen an dësem Segment robust genuch, engem makroekonomeschen Ofschwong standzehalen.

De Rescht vum Erléis aus der Reduktioun vun eisem IG-Engagement gouf benotzt, fir eist Engagement bei US-High-Yield-Entreprisenobligatiounen opzestocken, fir vun den ugebuedenen, attraktiven Erträg ze profitéieren. Mir hunn decidéiert, dës Beweegung erëm an den USA ze maachen, wéinst der méi frëndlecher makroekonomescher Landschaft an natierlech och, well Maturitéitswänn manner en Theema sinn. Bei der Auswiel vun den Instrumenter hu mir Wäert op déi méi héichqualitativ US-HY (mat B- a BB-Rating) geluecht. Mir fannen d'Steigerung bei den Ausfallquoten weiderhi beonrouegend, besonnesch an Europa, wou de Wuesstum moer ass an déi geldpolitesch Lockerung warscheinlech méi spéit ewéi an den USA kënnt.

Conclusioun

Mir hunn d'Zil beim Lockerungszyklus nach net erreecht, a bis mir et erreechen, ass mat Volatilitéit ze rechnen, well de Maart seng Berechnunge fir Geschwindegkeet, Distanz an Zäit ëmmer erëm upasst. Dat erfuerdert eng virsiichteg, mee zugläich opportunistesch Approche, besonnesch bei de feste Rendementer, wou d'Präisschwankungen den Investisseuren eventuell schéi Geleeënheete bidden, laangfristeg attraktiv Erträg ze sécheren.

Assetallokatiounstabell


More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

August 10, 2023

News

BILBoard August 2023 – Erausfuerderun...

D'Iddi, datt d'Zentralbanke vläicht mat hiren Zënssazerhéijunge fäerdeg sinn, gewënnt u Bedeitung. An den USA huet d'Federal Reserve d'Zënssätz eelef Mol bis an de Beräich...

All articles