Research

Menu

Back

Choose Language

April 25, 2024

Bilboard

BILBoard Mee 2024 – Faktencheck Zënssenkungen

De leschte Mount huet eng Rei vun onerwaart staarken Daten aus den USA bruecht, déi weider d'Iddi vun engem „no-landing scenario“, engem Zenario „ouni Landung“ bekräftegen. Den Aarbechtsmaart ass robust mat 303 000 neien Aarbechtsplazen am Mäerz – dem héchste Wäert an 10 Méint – an nach ëmmer 8,76 Millioune fräie Plazen. Déi aktuell Stabilitéit mécht der Inflatiounskurv Problemer, well se e weidert Nogi vum Lounwuesstum verhënnere kéint, wat sech erëm op d'Inflatioun am Servicesecteur auswierkt (well dëse Secteur esou aarbechtsintensiv ass). D'Demande erweist sech och als stabil: No engem liichte Réckgang am Januar no de Feierdeeg ginn d'US-Verbraucher erëm Suen aus, an den Eenzelhandelsëmsaz konnt d'Schätzunge fir de Mäerz wäit iwwertreffen (+4 % am Joresverglach).

Fir den Ament ass kloer, datt mir d'Inflatioun nach net gebändegt hunn. De Verbraucherpräisindex ass am ganzen éischten Trimester bis op 3,5 % am Mäerz geklomm, trotz enger weiderhin zéier Inflatioun am Servicesecteur, déi nach ëmmer op 5,4 % läit. Steigend Rostoffkäschte kéinten d'Inflatioun an den nächste Méint nach weider undreiwen.

Wann d'Aktivitéit an d'Inflatioun ze staark bleiwen, besteet de Risiko, datt d'Fed sech muss méi aggressiv positionéieren an deemno ass hir Moossnamestrategie elo manner gewëss. Rezent Kommentare vu Fed-Fonctionnairë weisen dorop hin, datt si bereet sinn, wann néideg d'Zënssätz wärend enger längerer Zäit héich ze halen.

Dat huet och de Maart héieren. Wann 2024 an den USA nach sechs oder siwen Zënssenkungen am Ufank vum Joer erwaart goufen, ginn der elo just eng oder zwou ab September erwaart. Mir mengen awer, datt dat ze no un de Presidentschaftswalen läit, ma d'Fed kéint méiglecherweis eng Zënssenkung am Juli beschléissen. Obwuel den offizielle Punktendiagramm fir dëst Joer den Ament nach dräi Zënssenkunge weist, wiisst d'Gefor, datt dës op zwou reduzéiert ginn. Vill hänkt vun den aktuelle Makrodaten an den nächste Méint of.

Op dëser Säit vum Atlantik weist d'Eurozon-Ekonomie Unzeeche vun enger Stabiliséierung, wann och op nidderegem Niveau. D'Rezessiounsängschte si réckleefeg an de Block koum mat rekordhéije Gasspäicherniveauen aus dem Wanter, en Zeechen, datt en d'Energiekris, vun där e wärend méi ewéi zwee Joer laang geplot gouf, amgaang ass hanner sech ze loossen. De Berechnunge vun der WTO no ass dëst Joer nees mat Wuesstum beim weltwäite Wuerenhandel ze rechnen, deen der Europäescher exportorientéierter Wirtschaft Réckewand verschafe sollt. Potenziell weidere Réckewand kéint duerch d'schrëttweis Erhuelung vum Verbrauch 2024 an duerch Staatsausgabe kommen (well bis zum Enn vun 2023 nëmmen 30 % vum 800 Milliarden Euro schwéiere Fonds de Relance ausbezuelt goufen). Allgemeng ass awer a Realitéit d'Eurozon-Ekonomie schwaach an et gi keng grouss Erwaardunge fir eng Relance an 2024 (d'EZB huet hir ganzjäreg BIP-Wuesstumsprojektioun op nëmmen 0,6 % erofkorrigéiert).

Wat d'Geldpolitik ubelaangt huet d'Eurozon kloer méi en héije Bedarf u Lockerungen ewéi d'USA. De Réckgang vun der Inflatioun schéngt méi iwwerzeegend (an erreecht 2,4 % am Joresverglach am Mäerz). Den Immobiliesecteur steet ënner intensivem Drock, well d'Demande no Firmekreditter am éischten Trimester zolidd erofgaang ass, wat e Réckgang bei den Investissementer kéint mat sech zéien, an och well e groussen Deel vun där Relance, déi mir bei den Haaptindicateure gesinn hunn, duerch d'Zouversiicht entstan ass, datt sech eng Paus a Form vu méi nidderegen Zënsen um Horizont ofzeechent.

Mir mengen deemno, datt schonn ab Juni d'EZB kéint bei den Zënsreduktiounen de Wee weisen. Dono besteet de Risiko, datt wann d'Fed bei hirem Cours bleiwe sollt, d'EZB manner Handlungsspillraum hätt… Eng am Verglach mat den USA ze staark Zënssenkung géif den Euro no ënnen ënner Drock setzen an doduerch riskéieren, d'Inflatioun erëm opflamen ze loossen (besonnesch och am Hibléck op d'europäesch Ofhängegkeet vun de weltwäiten Energiemäert, wou d'Präisser an US-Dollar gehandelt ginn).

Déi wuessend Onsécherheet bei der Geldpolitik kënnt Hand an Hand mat engem Zouhuele vu geopolitescher Onsécherheet. Mir verfollege genee d'Situatioun tëschent Iran an Israel. Fir den Ament schéngt sech de Risiko vun enger ausgewuessener regionaler Kris a Grenzen ze halen, ma d'Situatioun ass fragil a mir sti prett, fir eist Positionnement wann néideg ze ajustéieren.

Investissementsstrategie

Am Allgemengen hu mir en neutraalt Positionnement bei Aktien (mat enger proportional méi grousser Allokatioun bei Héichrisikoprofiller). No engem géie Start an d'Joer huet d'Virsiicht sech op den Aktiemäert erëm ageschlach. Eng weider Hausse bei den Obligatiounsrenditte kéint kuerzfristeg en Hindernis kreéieren, mee d'Aktie ginn nach ëmmer vun der gesamtwirtschaftlecher Resilienz gestäipt, wat d'Erträg weiderhi stabil halen dierft, an dovun, datt de Fed weider als eng Ofsécherung déngt, déi zwar vläicht op sech waarde léisst, mee net vum Dësch ass.

Eis gréisst regional Iwwergewiichtung bleift d'USA, obwuel mir hei eist Engagement liicht reduzéiert hunn. Am Januar a Februar hu manner ewéi 40 % vun den S&P 500-Entreprisen den Index insgesamt leeschtungsméisseg iwwerholl. Am Mäerz huet de Gewënn iwwer Big Tech erausgereecht, an dee Prozentsaz ass bis op 60 % geklomm. Mam Ofverkaf vun eisem gläichgewiichten US-Aktiekuerf séchere mir eis en Deel vun deem Gewënn a riichten eis nei op déi méi grouss US-Entreprisë mat relativer Ertragssécherheet a grousse Boergeldbestänn aus (wouduerch si besser positionéiert sinn, déi mat laangfristeg méi héijen Zënssätz verbonne Geldpolitik auszesëtzen).

Dës Decisioun gëtt vum Fait ënnermauert, datt wärend d'US-Makrodaten zweiwelsfräi staark sinn, net jidderee vun der opstriewender Wirtschaft profitéiert: de gréisseren Entrepisë geet et gutt, mee de PME manner (z. B. ass de NFIB Small Business Optimism op säin déifste Wäert zënter 2012 gefall). D'Analysten erwaarden, datt de Gewënn vun de siwe gréisste Wuesstumsentreprisë vum S&P 500 ëm 37 % am éischten Trimester 2024 klëmmt. Schléisst een déi aus, sénkt de Gewënn beim Index viraussiichtlech ëm 3 %.

D'Erträg goufe benotzt, fir eis Ënnergewiichtung géintiwwer Europa ze reduzéieren, wou mir méi Kloerheet bei der EZB-Moossnamestrategie hunn a wou d'Date schéngen hiren Déifpunkt erreecht ze hunn. Mir hunn eis och sécher genuch gefillt, d'Qualitéitsverzerrung bei eiser Europäescher Allokatioun ewechzehuelen.

Bei de Secteure konzentréiere mir eis weider op Energie als geopolitesch Ofsécherung. Mir schätzen och IT, Netbasiskonsumgidder an Immobilien.

Am Beräich vun de feste Rendementer bereet den Narrativ vun de laangfristeg méi héijen Zënssätz e wéineg Misär. Mir bleiwe fir den Ament neutral bei der Duratioun op Grond vun der Stäerkt vun der US-Wirtschaft. Bei de Staatsobligatiounen huet Europa fir eis un Attraktivitéit gewonnen, well an Europa parallel zu den US-Zënssätz ofverkaaft ginn ass: méi schwaach Fundamentaldaten dierften den Zënserhéijunge Grenze setzen.

Investment-Grade Entreprisenobligatiounen (an Europa, wou mir besser Valeur gesinn) hale mir am léifsten. D'Spreads sinn enk, mee mir gesi kee wierklechen Ausléiser fir eng däitlech, kuerzfristeg Vergréisserung vum Spread. Bei den High-Yields zéie mir d'USA vir, wou d'Makro-Bild méi robust an d'Maturitéitswänn manner en Theema sinn. Obwuel d'Bewäertungen duerchaus iwwerzu sinn, misst den inkrementellen Ertrag d'Performanz dreiwen an déi positive Dynamik kéint sech halen.

D'Perspektiv fir Gold ass méi konstruktiv ginn, mee mat den aktuelle Spëtzepräisser ass et sënnvoll op méi e passenden Astigspunkt ze waarden.

Conclusioun

Déi national Dreifkräfte bestëmmen erëm d'Präisperspektiven op Käschte vu globalen Trenden an déi laangjäreg Gläichschaltung tëschent den Zentralbanke vun den entwéckelte Mäert schwächt sech of. D'Mäert, déi ursprénglech schéi fein Zënssenkungen ab dem Summer vun der Fed an der EZB Hand an Hand erwaart haten, hunn de Faktencheck gemaach a gemierkt, datt déi staark US-Daten dës Conclusioun ënnergruewen.

Déi lescht Etapp bei d'2%-Infatiounszil spillt sech net op enger glater Autobunn, wéi mir se zu Lëtzebuerg kennen, of, mee gläicht éischter enger Faart duerch d'Gewan op engem knubbelegen Terrain mat ageschränkter Visibilitéit. Déi aktuell makroekonomesch Date bidden eng wichteg Orientéierung iwwer déi nächst Wochen, woubäi der Fed hiren aktualiséierte Punktendiagramm (deen den 1. Mee erauskomme soll) als e méi formellt Stroosseschëld déngt.

Wärend mir weider op Kloerheet waarden, ob d'Fed ufänkt, d'Zënssätz dëse Summer ze senken, ass déi gutt Noriicht, datt d'Mäert sech schénge mat der Iddi unzefrënnen, nach eng Weil méi héich Zënssätz ze behalen. Dat dierft kee Problem sinn, esoulaang d'Entreprisen anstännege Gewënn kënne maachen.

Assetallokatiouns-Tabell

Mir weisen drop hin, datt mir och den Héichrisikoprofiller hir strateegesch Aktiegewiichtung vu 70 % op 90 % eropgesat hunn. Déi strateegesch Obligatiounsgewiichtung gouf op 10 % reduzéiert.

Eng strateegesch Gewiichtung gëtt als Ankerwäert iwwer Zäit genotzt, op deem eis taktesch Decisioune berouen (Iwwergewiichtung bedeit, méi ze hu vun enger gewësser Assetklass am Verhältnes zum strateegesche Gewiicht, dat fir déi spezifesch Assetklass definéiert ass).

Dës Decisioun gëtt zäitgerecht geholl, an Iwwerastëmmung mam Kommitee an ënner Berücksichtegung vun de Maartkonditiounen.


More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

All articles