Research

Menu

Back

Choose Language

March 7, 2023

Bilboard

BILBoard Mäerz 2023 : Zolidd Daten an eng, ëmmer nach, zéi Inflatioun

Obwuel d‘Wirtschaft méi lues dréint, weist se sech méi robust wéi ufanks gefaart. Gläichzäiteg bleift d‘Inflatioun penibel héich, wat den Zentralbanken d’Argument fir hir Straffungspolitik gëtt. Doduerch ass d’Loscht zum Risiko op de Finanzmäert gefall a verschidde Acteuren denken elo nees un e Stagflationsszenario.

Bis elo hunn d‘Acteuren um Maart gegleeft, datt d‘Zentralbanken no dru waren, d‘Inflatioun erfollegräich ze bekämpfen an datt e Richtungswiessel zu enger méi moderater Geldpolitik géif kommen. Mee déi aktuell Date soen eppes aneschters. De Personal- Consumption-Expenditures-Index (PCE-Index) – dem Fed säi Liblings-Inflatiounsmeter – huet viru Kuerzem seng gréissten Hausse pro Mount zënter zwee Joer verzeechent. An der Eurozon huet d‘Kärinflatioun eng nei Rekordhéicht am Januar erreecht an déi éischt provisoresch Zuelen aus Spuenien a Frankräich deiten drop hin, datt d‘Präisser am Februar weider geklomme sinn. Kuerz gesot, datt d‘Desinflatioun bei de Gidder hir Limitten huet, an datt de Präisdrock am Servicesecteur méi schwéier ze eliminéieren ass.

Den Aarbechtsmaart ass weeder op dëser Säit nach op der anerer Säit vum Atlantik agebrach (och wa kleng Rëss mat opmierksamen Ae siichtbar sinn), mee et gëtt e reelle Risiko, datt d’Demande fir méi héich Léin allgemeng weidergeet (wat nees d‘Demande an de Verbrauch ukuerbelt).

D‘Zentralbanke mussen déi richteg Dosis Drock uwenden, fir eng Loun-Präis-Spiral ze verhënneren, mee gläichzäiteg eng ze staark Straffung an eng sougenannt „haart Landung“ vermeiden. Et gëtt vill Plaz fir Feeler, besonnesch wann ee bedenkt, datt déi viregt Aktiounen nach ëmmer an d‘Realwirtschaft fléissen.

Ewéi de Claudio Borio, Chef vun der Wirtschaftsfuerschung bei der Bank of International Settlements (déi oft als d‘Bank vun den Zentralbanke gesi gëtt) kierzlech ugedeit huet, kéint et e Stop-and-Go-Prozess sinn, deen hin an hier geet: „Et ass näischt falsch drun, wann d‘Zentralbanken den Tempo vun der Straffung erofsetzen an en dann ajustéieren, fir en dono méiglecherweis erëm unzezéien … Dat wichtegst ass an dësem Stadium, datt een sech net ze séier op der gewonnener Säit fillt.“

D‘Mäert haten am Ufank eng einfach, mëll Landung mat akalkuléiert, bei där d‘Zentralbanken hiren endgültegen Zënssaz erreecht hätten, éier et zum Schluss vum Joer zu Zënsbaisse komm wier, déi zu engem wirtschaftlechen Opdriff gefouert hätten. Et gouf och gesot, datt eng Landung iwwerhaapt vermidde sollt ginn. Mee et gëtt ëmmer méi kloer, datt de Wee zeréck zu engem Inflatiounsniveau, mat deem d’Fed resp. d‘EZB liewe kënnen, weeder e séieren, nach en einfache Wee gëtt.

China stécht als eng grouss Ausnam beim globale Straffungszyklus eraus, hei mécht d‘Onsécherheet vun der allgemenger Geldpolitik den Investisseure manner Suergen. D‘Inflatioun ass ënner Kontroll an d‘Wirtschaft lieft nom Enn vun der Null- Covid-Politik erëm un. Beijing huet „standhaft“ Ënnerstëtzung esouwuel fir déi ëffentlech ewéi déi privat Entreprisë versprach a schéngt schaarf drop ze sinn, d‘Demande am Land mat méi ewéi CNY 5 Milliarden (USD 720 Milliounen), déi fir Consommatiounsbongen an Akafssubventioune virgesi sinn, unzedreiwen.

Investissementsstrategie

Wéinst der zéier Inflatioun an de geldpoliteschen Implicatiounen dovun, sinn d‘Investisseuren an enger „sticky wicket“ gefaangen – eng gängeg Metapher am Englesche fir schwiereg Ëmstänn ze nennen. Sportfanne wëssen, datt den Ausdrock aus dem Cricket kënnt an e Spillfeld beschreift, dat nom Ree séier vun der Sonn gedréchent gouf a wourop et schwéier ze batten ass, well de Ball schwéier ënner Kontroll ze halen ass. D‘Metapher passt besonnesch gutt, well se de Fait beschreift, datt d‘Liquiditéit vun den Zentralbanken elo zeréckgeet, wouduerch d‘Mäert d‘Volatilitéit a Beweegungen, déi net virgesi waren, ze spiere kréien. Op dësem Terrain behale mir den Ament eist Ënnergewiicht bei den Aktien an de feste Rendementer bäi.

Am Beräich vun den Aktien ass et schwéier sech virzestellen, datt déi global Mäert weider zouleeën, bis et kloer Unzeeche ginn, datt d’Fed an aner Zentralbanken hir Straffungscampagnen zeréckfueren. Dofir reduzéiere mir weider eist Ënnergewiicht bei US-Aktien an hunn elo déi selwecht Allokatio un wéi bei US- an europäeschen Aktien. Bei den defensive Profiller, wou mir keen Aktienengagement hunn, hu mir de Risiko reduzéiert, andeem mir eist Iwwergewiicht bei Investment-Grade-Bonds verklengert an de Gewënn no enger Period vu Spread-Straffung geséchert hunn. De Gewënn vu béiden Transaktioune gouf sougenannte “Geldmarktanlagen” ëmgeschicht, fir Liquiditéiten ze hunn wann d‘Investissementsconditiounen nees méi interessant ginn. Do wou mir en Aktienengagement hunn, preferéiere mir regional China an eng Barbell-Approche, tëschent Wuesstem a Wäert.

Am Obligatiounsberäich krut déi rekordverdächteg weltwäit Hausse duerch frësch Inflatiounsängscht an d‘Aussiichten op eng länger Period mat héijen Zënsen e Coup. D‘Erwaardunge vum Maart entspriechen ëmmer méi de Virstellunge vun den Zentralbanken a well déi laangfristeg Zënssätz elo am Beräich vun eisem Joresennzil leien, hu mir driwwer diskutéiert, ob mir méi Lafzäit derbäisetze sollten. An der aktueller Baisse-Stëmmung um Maart a well mir bei engem Interim-Kommitee den 10. Februar d‘Lafzäite verlängert hunn, hu mir awer decidéiert ze waarden. Mir sichen awer aktiv en Astigspunkt, fir vun engem méi héije Gewënn profitéieren ze kënnen.

Mir bleiwe bei eiser Iwwergewiichtung vun Investment-Grade-Bonds. No enger staarker Steigung, schéngt d‘Spread-Kompressioun eng Paus ze maachen, mee bedenke mer derbäi, datt europäesch Spreads historsch gesi méi weit si wéi déi amerikanesch. Eis gefale besonnesch déi dänesch Hypothéikenobligatiounen, déi attraktiv Gewënnpersepektiven offréieren (besonnesch elo bei de 5- a 6%-Serien).

De Gewënn aus Obligatiounsfongen huet sech an de leschte Wochen ëmgedréint – zemools beim méi riskanten Deel vum Kreditspektrum. Mat eiser Ënnergewiicht-Positioun bei den High-Yields (HY) si mir den Ament zefridden, well mir net mengen, datt de Rezessiounsrisiko an de Bewäertunge matagerechent gëtt. Do wou mir dës Assetklass halen, preferéiere mir d‘BB-Segment grad ewéi d‘CoCo-Emissiounen (déi bidden attraktiv Couponen an d‘Banke sinn nach ëmmer gutt kapitaliséiert an hu e schéine Benefice realiséiert).

Déi europäesch HY si liicht besser bewäert, wéinst der méi laanger Lafzäit an der méi schlechter Qualitéit vun den US-HY.

Gold huet am Januar mat engem Plus vun iwwer 5% ofgeschloss an huet säi Cours eréischt am Februar korrigéiert, wou den Dollar nei Kraaft an der Aussicht op eng méi restriktiv Fed kritt huet. Längerfristeg bleift Gold als Diversifizéierungsstrategie a Wäertspäicher fir de Portefeuille attraktiv, mee mir bleiwen neutral, wéinst der ugespaanter Lag déi um US-Aarbechtsmaart undauert an deene méi zéie Kär-CPI-Daten, déi den Dollar weider stäipen an domat de Goldpräis ënner Drock setze kéinten.

Conclusioun

Bis viru Kuerzem ass villes optimistesch iwwerschätzt ginn. D‘Investisseuren hunn drop gesat, datt d‘Banke kéinten der Inflatioun séier an effikass Meeschter ginn. Mee et gëtt ëmmer méi kloer, datt dat net einfach ass. Zwar hunn déi wärungspolitesch Autoritéite ëmmer erëm gewarnt, datt d‘Zënssätz fir eng gewëss Zäit héich bleiwe géifen, ma d‘Mäert wollten net lauschteren. Esou sinn se elo vun den Date forcéiert ginn ze realiséieren, datt d‘Zentralbanken nach net um Enn vun hirem laangen a schwéiere Wee géint d’Inflatioun ukomm sinn.

More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

August 10, 2023

News

BILBoard August 2023 – Erausfuerderun...

D'Iddi, datt d'Zentralbanke vläicht mat hiren Zënssazerhéijunge fäerdeg sinn, gewënnt u Bedeitung. An den USA huet d'Federal Reserve d'Zënssätz eelef Mol bis an de Beräich...

All articles