Research

Menu

Back

Choose Language

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssätz an Aussiicht

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht hunn (oder no dru sinn). Wat fir d'Investisseuren elo am wichtegsten ass, ass d'Form vun deem Pic, dee mer usteieren. D'Zentralbanken hunn däitlech gemaach, datt mir eis vum Bild vun enger tobleronefërmeger, spatzer Kopp, déi géi zu béide Säiten offält, verabschide kënnen. De Pic gläicht warscheinlech éischter dem Tafelbierg a Südafrika: eng géi Steigung vun den Zënssätz bis datt déi Responsabel sech sécher sinn, datt d'Inflatiounsrisiken ofgeklonge sinn. Eng ausgedeente Period vun erhéichten Zënssätz laascht zwar um Wuesstum, versprécht awer gläichzäiteg bei de Portefeuillen nei Ertragschancen.

Wéi den hollänneschen EZB-Gouverneur Klaas Knot et ausgedréckt huet, huet d'EZB beim Zënserhéijungszyklus d'Phas vum „Fangerspëtzegefill“ erreecht. Zanter dem Summer 2022 huet d'Zentralbank den Zënssaz 10-mol erhéicht, woumat den Depot-Zënssaz e Rekordwäert vu 4 % erreecht huet. Weider Erhéijunge wäerten duerch d'Verschlechterung vum Makrobild vill Iwwerzeegungsaarbecht brauchen (ausser et kéim en onerwaarte Schock). De PMI-Daten no huet sech den europäesche Service-Secteur dem Produktiounssecteur beim Wirtschaftsofschwong ugeschloss an d'Wirtschaft ëmgeet eng Rezessioun. Däitschland, als dem Block säin traditionelle Motor, bléckt engem Konjunkturofschwong entgéint an ass mat laangfristegen, strukturelle Problemer beschäftegt, déi bis zum Ukrain-Krich ënner der Uewerfläch gegäert hunn. Trotz den driibsegen Aussiichte ass  d'Inflatioun an der Eurozon an de Lounwuesstum nach ëmmer ze héich an den Aarbechtsmaart ass iwwerméisseg staark bliwwen. Obwuel et op den éischte Bléck eng wëllkomm Entwécklung schéngt, datt de Chômage net an d'Luucht gaangen ass, laascht d'Hortung vun Aarbechtskräften op der Produktivitéit (d'EZB erwaart, datt 2023 d'Produktivitéit ëm 0,2 % zeréckgeet) a kéint eng Loun-Präis-Spiral ausléisen. Gläichzäiteg hunn d'Produktiounsbaissen an déi neibelieften Demande vu China d'Réiuelegpräisser iwwer 90 USD de Barrel gedriwwen. Dës Faktore verstäerken de Stagflatiounsrisiko, deen den Ausbléck fir d'Eurozon souwisou scho verdréift, a verschafen dem Argument fir en Opschub vun den Zënssenkungen neie Wand. De Gouverneur Villeroy sot dozou: „D'Oprechterhale vun héije Kreditkäschten iwwer laang genuch Zäit ass elo méi wichteg ewéi d'Zënssätz nees däitlech ze erhéijen“, an och de Bundesbankpresident Nagel mengt, datt „et falsch wier, drop ze spekuléieren, datt no engem Héchstzënssaz séier eng Zënssazreduktioun komme géif.“

An den USA schéngt der Fed hir Erhéijungsfrequenz déi opflamend Inflatioun berouegt ze hunn. Mee op verschiddene Plazen ass se nach ëmmer extreem héich (besonnesch am Servicesecteur, wou d'PMI-Date weisen, datt d'Entreprisen d'Präisser trotz nach stabiller Demande méi séier gehéicht hunn). Dofir weist der Fed hire Streediagramm och e leschte Pic vu 25 Bp fir dëst Joer.

Schlussendlech ass eis Aschätzung, datt d'Kärinflatioun weider an déi richteg Richtung geet: d'Kreditkonditioune si streng, déi ugeheeft Erspuernesser ginn dëst Trimester laut den Aschätzunge vun der San Francisco Fed ofgebaut, den Aarbechtsmaart gëtt lues a lues no an d'Remboursementer fir d'Studenteléin fänke fir Milliounen Amerikaner am Oktober nees un (wouduerch ze erwaarden ass, datt dat d’Konsumausgaben ëm 0.6 Pp bremst). Dës Faktoren deiten drop hin, datt d'Demande geschwënn noléisst an domat zum wirtschaftlechen „Ofkillungsprozess“ bäidréit (Fed-Modeller loossen erkennen, datt de gréissten Deel vun der Inflatioun den Ament éischter vun der Demande ewéi vun der Offer ugedriwwe gëtt).

Den Hang zum Verbrauch vun den US-Stéit huet d'Ekonomiste schonn dëst Joer iwwerrascht an et ass schwéier anzeschätzen, wéi laang genee hir Ausdauer unhält (zemools mat Thanksgiving, Black Friday a Chrëschtdag, déi elo virun der Dier stinn). Wéinst der aktueller wirtschaftlecher Resilienz huet d'Fed als Precautioun nach eng Zënserhéijung ëm 25 Bp fir dëst Joer op hirem Streediagramm stoe gelooss.* Dono bleiwen d'Leetzënsen awer viraussiichtlech wärend engem längeren Zäitraum op „ageschränktem Niveau“. Deemzufolleg haten och d'Projektioune fir 2026 de Medianpunkt op 2,9 % ageschat. Deen Zënssaz läit iwwer deem, deen d'Fed als den „neutrale“ Saz (mat 2,5 % ) bezeechent, dee weeder stimuléierend nach aschränkend op de Wuesstum wierkt.

Investissementsstrategie

Eng ausgedeente Period vun erhéichten Zënssätz huet negativ Konsequenze fir de Wuesstum an dofir hale mir weider un eiser virsiichteger Approche beim Portefeuille-Opbau an un eisem Ënnergewiicht-Positionnement bei Risikoassets fest.

Déi glanzlos Maartperformance vum August deit drop hin, datt 2023 d'Hausse bei den Aktien ufänkt nozeloossen, well d'Mäert, déi virdrun d'Zukunft vun der KI idealiséiert hunn, elo hire Bléck erëm zeréck op déi grondleeënd wirtschaftlech Fundamenter riichten. Esouguer positiv Gewënniwwerraschunge konnte kaum zu enger Präissteigerung bäidroen, wärend och nëmmen déi geréngst Enttäuschungen negativ Konsequenzen haten.

An dësem Kontext huet sech d'Ofsécherung, déi mir am August agebaut hunn (op 1/3 vun eisem US-Aktienengagement an 1/3 vun eisem europäeschen Aktienengagement) als virdeelhaft erwisen. Mir behalen dës fir den Ament bäi fir e gewëssene Grad u Schutz, well mir mengen, datt weider Verloschtrisike virausleie kéinten. Regional ass eis gréisst Ënnergewiichtung bei Europa. Mir si liicht ënnergewiicht bei US-Aktien an neutral bei Japan, de Schwellelänner a China. Beim Stil konzentréiere mir eis op d'Qualitéit an en neutraalt Positionnement géintiwwer Wuesstum am Verglach zu Wäert.

D'Consommatioun ass de Motor hannert der iwwerraschender wirtschaftlecher Stäerkt an déi verbraucherbezu Secteuren hunn am meeschten zu de globale Gewënniwwerraschungen am zweeten Trimester vun der Berichtssaison bäigedroen. Op takteschem Niveau hu mir iwwer de Summer zwee Secteure virgezunn, déi béid e Fokus op dëst Theema haten: Basiskonsumgidder an Netbasiskonsumgidder. Sollte mer Unzeeche fir eng noloossend Demande gesinn, ajustéiere mir deementspriechend.

Nodeem de gréissten Deel vun den Zënssteigerungen elo gepackt ass, ass d'Vue vun dësem Héichpunkt aus attraktiv fir Investisseuren, déi a fest Rendementer investéieren, mat Erträg, déi op engem relativ schéinen Niveau leien. Dëse Mount hu mir, eiser kontinuéierlecher Missioun entspriechend, Geleeënheeten ergraff, fir Revenuen ze generéieren duerch eng weider Reduktioun vu Gold (engem netverzënslechen Asset) a vum Total Return an der Notzung vun dësen Erträg, fir Investment-Grade-Kreditter opzestocken, dës Kéier an der Form vu Floateren (Floating Rate Notes), déi e liicht méi héijen Ertrag ewéi Geldmaartfonge bidden.


More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

August 10, 2023

News

BILBoard August 2023 – Erausfuerderun...

D'Iddi, datt d'Zentralbanke vläicht mat hiren Zënssazerhéijunge fäerdeg sinn, gewënnt u Bedeitung. An den USA huet d'Federal Reserve d'Zënssätz eelef Mol bis an de Beräich...

All articles