Research

Menu

Back

Choose Language

August 10, 2023

News

BILBoard August 2023 – Erausfuerderung Resilienz

D'Iddi, datt d'Zentralbanke vläicht mat hiren Zënssazerhéijunge fäerdeg sinn, gewënnt u Bedeitung. An den USA huet d'Federal Reserve d'Zënssätz eelef Mol bis an de Beräich vu 5,25 – 5,50 %, engem 22-Joreshéich, eropgesat. Bei eis huet d'Europäesch Zentralbank d'Zënssätz néng Mol erhéicht, wat den Zënssaz fir Depoten op 3,75 % bruecht huet, an huet domat den Allzäithéich vun 2001, wou d'EZB probéiert huet, de Wäert vun der nei ageféierter Eenheetswärung ze verbesseren, erreecht.

Als Reaktioun dorop fält d'Globalinflatioun weider. Anerersäits huet d'Kärinflatioun manner sensibel op déi restriktiv Mesurë reagéiert, wourun de Servicesecteur d'Haaptschold dréit.

Eiser Meenung no ass d'Fed warscheinlech mat den Zënserhéijunge fäerdeg, wougéint vun der EZB eng weider Erhéijung ëm 25 Bp net auszeschléissen ass. Mee wat fir d'Investisseuren nach méi wichteg ass, ass de Fait, datt béid warscheinlech hir héich Zënssätz eng gewëssen Zäit bäibehale mussen, fir sécherzegoen, datt d'Inflatiounsrisikoe komplett agedämmt sinn. Et gouf nach keng Strategie virgestallt – esouwuel de Powell ewéi d'Lagarde hunn duerchblécke gelooss, datt eventuell zukünfteg Zënserhéijungen op Basis vun der aktueller Datelag decidéiert ginn.

Bis elo huet déi wirtschaftlech Aktivitéit der Aggressivitéit vun de restriktive geldpolitesche Mesuren erstaunlech gutt standgehalen – mee tëschent dem Zäitpunkt vum Akraafttriede vun engem Reglement an sengem Siichtbarginn an der Realwirtschaft, gëtt et eng Verzögerung vun iwwer den Daum gerechent 12 – 18 Méint.

Dofir ass et nach ze fréi, eppes Geneeës ze soen. D'USA huet am 2. Trimester den Tempo ugezunn an ass 2,4 % op järlecher Basis (erop vun 2 % am 1. Trimester) wäit iwwer déi allgemeng Erwaardunge vun 1,8 % eraus gewuess. D'Verbraucherausgaben hunn nogelooss, nodeem se onerwaart staark an dat neit Joer gestart waren, mee dëse Réckgang gouf duerch Betribsinvestissementer méi ewéi kompenséiert (zum Deel dank dem CHIPS Act an Inflation Reduction Act). Déi aktuell Date stëmme mat eisem Basiszenario vun enger duusser Landung iwwereneen (net ze verwiessele mat enger "perfekter Desinflation", et handelt sech hei éischter ëm en duusse Réckgang, wann de Verbrauch zeréckgeet an d'Spannungen sech um Aarbechtsmaart lockeren). Dat steet am Géigesaz zu enger haarder Rezessioun mat enger schaarfer Spëtz bei den Chômagezuelen.

D'Eurozon huet et och gepackt, den Tempo am 2. Trimester unzezéien, mat engem Wuesstum vun 0,3 % no enger Stagnéierung am 1. Trimester. Mee d'Aussiichten um Kontinent si säit eisem leschte BILBoard dribséileg ginn, a weisen eng Schwächt am ugeschloene Produktiounssecteur, déi riskéiert, sech op de Servicesecteur auszewierken. Wat et fir Europa nach verschlëmmert, ass datt de Neistart vu China schéngt nozeloossen.

No de Lockdowne bleift d'Bannennofro a China schwaach, an d'Konditioune fir Auslandsnofro sinn onsécher aus politeschen ewéi och wirtschaftleche Grënn. Bei eisem Assetallokatiounskommitee am Juni, haten d'Maartparticipanten hir Hoffnungen op zwee bevirstoend Evenementer gesat: Héichrangeg Visitten tëschent Delegéierten aus der USA a China, an d'Versammlung vum Politbüro am Juli, bei där e wirtschaftleche Konjunkturprogramm erwaart gouf. Mee keent vun deenen zwee Evenementer huet den Investisseure vill Belaaschtbares ginn. Bei de Steiererliichterungen huet sech d'Zentralregierung relativ zeréckhalend dora gewisen, direkt wirtschaftlech Ënnerstëtzungsmesuren zouzesoen, an huet sech amplaz dorop konzentréiert Ureizer/administrativ Ënnerstëtzung fir d'Ëmgestaltung vu Betribsaktivitéiten an d'Behiewung vum Chômage bereetzestellen.

Investissementsstrategie

Aktien

Insgesamt faasst den Titel vun der leschter Ausgab vum Economic Outlook, dee vum IWF publizéiert gëtt, den aktuelle Kontext gutt zesumme „Kuerzfristeg Resilienz, nohalteg Erausfuerderungen“. Den Ament konzentréieren sech d'Mäert komplett op de „Resilienzdeel“ vun der Equatioun, all dräi grouss US-Indexen hunn de Juli am grénge Beräich ofgeschloss, woubäi den S&P 500 déi lescht fënnef Méint derzougewonnen huet, an domat seng bescht Gewënnserie zënter 2021, ënnerstëtzt vum Fait, datt d'Entreprisen déi (wierklech déif) Gewënnerwaardung pro Aktie an de KI-Rausch iwwertreffen, hat.

D'Maartentwécklung bedeit, datt eis Positiounen an deem Sënn ofgewach sinn, datt mir elo e liicht méi héicht Engagement bei US-Aktien halen ewéi virdrun. Well awer déi rezent US-Daten e gewëssene Grad un Entspanung bei de ganz kuerzfristege Wirtschaftsaussiichten zouloossen, zesumme mam Fait, datt mir net wëlle géint de Maart kämpfen, hu mir decidéiert den Drifteffekt bei eise Portefeuillen ze behalen, wouduerch e méi klengt Ënnergewiicht bei US-Aktien entsteet ewéi virdrun.

Mee eiser Meenung no gëtt fréier oder spéider méi Opmierksamkeet op déi „nohalteg Erausfuerderunge“ geluecht, wann d'Zentralbanken eng länger Zäit bei méi héijen Zënssätz bleiwen an déi reell Auswierkung vun de restriktive geldpolitesche Mesurë méi siichtbar gëtt. Dofir hu mir Optioune geholl, bis zum Enn vum Joer 1/3 vun eisem US-Aktienengagement an 1/3 vun eisem europäeschen Aktienengagement ofzesécheren. Domat hu mir e gewësse Schutz, falls et zu engem Maartofschwong komme sollt: E Fait, deen zwar anekdotesch, mee dofir awer net manner beuechtenswäert ass, ass datt iwwer déi lescht 30 Joer, den August an de September ëmmer déi schlëmmst Méint fir den S&P 500 waren.

Nodeem e Rettungspak a China wuel ausser Fro ass, hu mir vun der rezenter Hausse am Uschloss un d'Ukënnegung vu verschiddenen ofgeschwächte Mesurë profitéiert, fir eist chineesescht Aktienengagement méi allgemeng op Schwellelänner auszeriichten. Als Resultat hu mir elo en neutraalt Positionnement esouwuel bei China ewéi och bei de Schwellemäert.

Bei de Secteure ginn der zwee erofgestuuft. Éischtens gouf IT vu positiv op neutral gesat. No der KI-Hausse sinn d'Bewäertunge fir dëse Secteur generéis, mee et kéinten negativ Konsequenzen entstoen, wann Investisseuren erkennen, datt de Profitabilitéits- a Produktivitéitsgewënn duerch KI Jore brauch, éier en sech materialiséiert, an dat deemno éischter engem Strategiespill gläicht (denke mer nëmmen un d'Enttäuschung nom 2. Trimesterresultat vu Microsoft). D'Rostoffer goufen och vun neutral op negativ erofgestuft. China ass en Haaptverbraucher vu Rostoffer an de Fait, datt seng postpandeemesch Erhuelungsphas un Driff verléiert (de Manufacturing PMI bleift grad ewéi déi lescht dräi Méint weider ënner 50) mécht dem Secteur ouni Zweiwel schwéier ze schafen.

Fest Rendementer

Den Zënserhéijungszyklus ass esouwuel an den USA ewéi an Europa scho wäit fortgeschratt, esou datt eis Siicht op d'Lafzäit méi neutral gëtt. Mir setzen der weider derbäi, wann attraktiv Astigspunkten sech ubidden.

Den héijen Zënssaz huet attraktiv Gewënnniveaue geschaf a mir kënne mat Sécherheet soen, datt dem Tina seng Kroun („There Is No Alternative [to stocks]“ – „Et gëtt keng Alternativ [zu Aktien]“) elo dem BARBARA („Bonds Are Really Back And Really Attractive“ – „Obligatioune sinn tatsächlech zeréck a wierklech attraktiv“) gehéiert.

Fir eppes vun deem Gewënn ofzekréien, konzentréiere mir eis dorop, eist Engagement bei qualitativ héijen, europäesche feste Rendementer auszebauen (well d'Ofsécherungskäschten d'Attraktivitéit vun US-Equivalenter drécken). Méi spezifesch hu mir eng Mëschung vun europäesche Staatsobligatiounen (iwwer uerdentleche Gewënn eraus, sollten se och e gewësse Schutz bidden, wann déi „nohalteg Erausfuererungen“ sech méi staark op d'Wirtschaft auswierken) an europäeschem Investment Grade (IG)-Kredit (iwwer de Gesamtindex an dänesch Hypothéikenobligatiounen) derbäigesat. D'Fundamentaldaten am EUR-IG-Beräich si staark opgrond vum nidderege Verscholdungsgrad a weiderhin héije Scholdendeckungsgrad, déi implizéieren, datt de Secteur engem Wirtschaftsofschwong ouni gréisser Problemer kéint standhalen.

Dës Transaktioune goufen duerch eng Reduktioun vun eisem Engagement bei Gold (well et kee Ertragbréngt an eng säitlech Entwécklung fir de Rescht vum Joer erwaart gëtt) an dem Total-Return (well mir der Meenung sinn, datt mir elo, wou d'Enn vum Erhéijungszyklus ofzegesinn ass, keen därmoosse staarke Schutz géint d'Volatilitéit vun den Tauxe méi brauchen) finanzéiert.

Och wa Verschiddener sech vum attraktive Gewënn am High Yield Bond-Beräich verféiere loossen, baséiert eis fundamental Astellung zum Kreditmaart op der laangfristeger Hypothees, datt déi nach ëmmer iwwer dem Zilwäert leiend Inflatioun an déi restriktiv Zentralbankmesuren ultimativ zu enger Spread-Ausweidung an héijere Kreditausfäll féiere wäerten. Dofir setze mir léiwer op Sécherheet um ieweschte Wupp vun der Qualitéitskurv.

Mir däerfen eis net vun där kuerzfristeger Resilienz verblende loossen an domat déi nohalteg Erausfuerderungen, mat deenen d'Weltwirtschaft nach ëmmer kämpft, ignoréieren. D'Zentralbanken si vläicht amgaang d'Enn vun hire Straffungscampagnen ze erreechen, mee mir fänke grad eréischt un, d'Auswierkungen dovun ze spieren.


More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

All articles