Research

Menu

Back

Choose Language

May 8, 2023

Bilboard

BILBoard Mee 2023 – Defensiv agestallt.

Déi unhalend Inflatioun hält d'Haaptzentralbanken am Straffungsmodus, esouguer elo, wou de Géigewand vu makroekonomescher Säit zouhëlt. An Erwaardung vun enger onroueger Investissementslandschaft an den nächsten Trimesteren, hu mir eis Portefeuillen duerch eis systematesch Ausriichtung op defensiv Secteuren zousätzlech ofgeséchert.

Makro-Vue

An den USA schéngt d’Fed d'Enn vu senger Straffungscampagne ze erreechen. D'Inflatioun, déi zwar nach ëmmer e wéineg iwwer dem 2%-Zil läit, ass amgaang zeréckzegoen – och bedéngt duerch déi sénkend Wunnkäschten an der nächster Phas (den Zillow Loyersindex, deen dem CPI ëm 6 bis 12 Méint viraus ass, ass iwwerzeegend erofgaang). Zudeem, ewéi de Richmond Fed President et ausgedréckt huet, huet sech „den Aarbechtsmaart vun extrem op just iwwerhëtzt“ entwéckelt duerch den Ofbau vun Aarbechtsplazen, den noloossende Lounwuesstum an déi réckleefeg Zuel vu Stellenangeboter.

Mat dëse méi dréiwe Perspektive konfrontéiert, ginn d'Stéit lues a lues manner Sue fir Consommatiounsproduiten aus, an d'Industrieproduktioun leeft um déifste Stand zënter zwee Joer. De BIP-Wuesstum léisst scho staark no (a rëtscht op 1,1 % op d'Joer gerechent am 1. Trimester, erof vun 2,6 % am 4. Trimester, an domat ënner den erwaarte Wäert vun 2,0 %) an de Maart gesäit eng Rezessioun viraus (wann och nëmmen eng schwaach). Den Haaptrisiko ass, datt d’Fed ze vill strafft, wat zu engem méi déiwen Ofschwong féiert – mee ob d’Fed tatsächlech ze wäit gaang ass, gi mir bal ëmmer eréischt post facto gewuer.

D'Eurozon-Ekonomie ass hirersäits am éischten Trimester erëm zum Wuesstum iwwergaang (ëm 0,1 %, ma ënner dem erwaarte Wäert vun 0,2 %, well Däitschland stagnéiert huet). De roude Fuedem, dee sech duerch déi meescht regional Berichter zitt, ass datt déi erhéichte Präisser an nach negativ reell Salairen op de Verbrauch drécken. Zéi Kärinflatioun hänkt ewéi eng ominéis Wollek iwwer der Wirtschaft, wat Zweetronneneffekter méi warscheinlech mécht; elo wou d'Problemer op Säit vun der Offer ofkléngen an d'Energiekäschten zeréckginn, kéinte méi héich Lounfuerderungen den neie Motor vun de Präissteigerunge ginn. An deem Sënn muss d'EZB warscheinlech bis op Weideres viru straffen – an domat kéint hire Kampf géint d'Inflatioun méi laang daueren ewéi der Fed hieren.

Doduerch, datt den Effet vun enger monetärer Straffung eréischt mat Verzögerung sichtbar gëtt, ass et méiglech, wann net esouguer warscheinlech, datt mir nach net déi voll Wierkung dervu gespiert hunn. Esou Bedenke vermëschen sech mam rezenten Zesummebroch vun der zu San Francisco baséierter First Republic: den zweetgréisste Bankenechec an der US-Geschicht an den drëtten am Land zënter Mäerz.

China ass en Ausrësser am Straffungszyklus mat enger Inflatioun vun nëmme 0,7 % (géintiwwer engem Zilwäert vun ongeféier 3 %). D'Wirtschaft hat e gudde Start mat engem Wuesstum vu 4,5 % am 1. Trimester, obwuel dovu wuel esou munches aus zeréckgestallter Aktivitéit vum 4. Trimester vum Joer 2022 staamt. Den Exportmotor, d'Häerzstéck vun der chineesescher Wirtschaft, ass erëm ugesprongen (d'Exporter sinn op 14,8 % am Joresverglach am Mäerz geklommen), mee de Verbrauch huet sech nach net richteg normaliséiert – woubäi awer ze erwaarden ass, datt dat an de follgenden Trimestere geschitt.

Investissementsstrategie

  • Allgemeng bleiwe mir bei eiser Ënnergewiichtung vun Aktien a feste Rendementer
  • Bei den Aktien hu mir eng Ënnergewiichtung vun den USA, Europa an den EM a gläichzäiteg eng Iwwergewiichtung vu China
  • Mir hu verschidden Upassunge bei eise Secteurpreferenze virgeholl am Sënn vun eiser systematescher Ausriichtung op defensiv Secteuren
  • Beim Stil leeë mir d'Betounung op d'Qualitéit – ‘cash is king’
  • Mir behalen eis Allokatioun beim Gold als Sécherheet am Fall vu Stressperioden op de Mäert bäi.

D'Mäert berechnen nach ëmmer den Zenario net mat an, datt d'Zënssätz an der westlecher Hemisphär viraussiichtlech eng méi laang Zäit héich bleiwen. An den USA deiten d'Futures-Präisser op eng weider 25Bp-Erhéijung virun engem séiere Richtungswiessel zu dauerhafter Lockerung an dësem Summer hin. Et ass awer éischter warscheinlech, datt et sech heibäi ëm eng „Fed-Paus“ handelt, fir den Impakt vun den Aktioune bis dato op d'Realwirtschaft ze préiwen, ouni weider zukünfteg Zënserhéijungen auszeschléissen. Obwuel sech an Europa ee staarke Réckgang vun der Kärinflatioun nach net materialiséiert huet, envisagéieren d'Mäert bei den Zënssätz en Endwäert vun 3,6 % a ginn dervun aus, datt d'EZB d'Sätz Ufank 2024 erëm senkt.

Ausser et geschitt en net virausgesibare Schock oder Kollaps bei der Inflatioun (dee souwisou nëmmen d'Flucht an d'Sécherheet géif verstäerken), schéngen d'Präisser nach ëmmer ze vill Optimismus hisiichtlech enger vun den Zentralbanken ausgoender Lockerung erëmzespigelen.

Mee ënnerem Stréch menge mir, datt et un der Zäit ass, sech op e puer volatil Trimestere gefaasst ze maachen. Mir bleiwen dowéinst weider bei eisem ënnergewiichtege Positionnement bei den Aktien an Obligatioune vun den entwéckelte Mäert.

Bei den Obligatiounen hu mir verschidden Upassunge bei eise Secteurpreferenze gemaach, fir d'Zyklicitéit ze reduzéieren an eis systematesch op defensiv Secteuren auszeriichten, an zwar:

  • Basiskonsumgidder – d'Gewënnviraussoe si relativ stabil, an d'Gewënnsaison am éischten Trimester huet bewisen, datt d'Entreprisen am Beräich Konsumgidder fir den Ament d'Präiserhéijungen erfollegräich weiderginn.
  • Versuerger – de Secteur profitéiert vun de Bankenturbulenzen, well d'Investisseurë méi eng virsiichteg Approche verfollegen an op Aktien, déi e sécheren Hafe bidden, ëmdisponéieren; héich Dividende sinn den Haaptunzéiungspunkt géintiwwer aneren Defensivsecteuren, wärend d'Konjunkturprogrammer op béide Säite vum Atlantik viraussiichtlech fir staarke Réckewand suergen. Zudeem huet als Reaktioun op den US Inflation Reduction Act, e Plang, dee $369 Milliarde vu Subsiden a Steierkreditter fir propper Energietechnologië virgesäit, Bréissel den EU-Memberstaaten de Wee fräigemaach, fir datt si kënne mat dëse Multimilliarden-Dollar-Stimulusse „gläichzéien“ an derfir kämpfen, d'Projeten an Europa ze halen.
  • Europäesch Gesondheetsversuergung– e weidere Gewënner vun de Bankenturbulenzen an de Secteur mat der beschter Performance zënter dem Zesummebroch vun der SVB an den USA. Gewënnwuesstum pro Aktie iwwer déi nächst zwee Joer dierft robust bei méi héijem Gewënn a Margenerweiderung sinn, woubäi Pharma- an Ausstattungsentreprisen de gréisste Bäitrag leeschten.

Mir verstäerken och d'Portefeuillë mat héichqualitativen Aktien – déi mat staarke Bilanen, stabillem Gewënn, niddereger Verscholdung a finanzieller Schlagkraaft, engem Gewënnréckgang standhalen. Dofir behale mir eis Iwwergewiichtung bei IT bäi, e Secteur, wou et vill esou Entreprisë ginn. Gutt Gewënnausschëddunge vu féierenden Entreprisen bestätegen dëse Positionnement bis elo.

Gläichzäiteg stufe mir Industriegidder op Ënnergewiichtung an Energie op neutral erof, well béid Secteurë bedéngt duerch déi steigend Rezessiounsängschten ufänken nozeginn. Et schéngt ewéi wann d'Uelegpräiss-Rallye als Äntwert op d'OPEC+ Produktiounskierzungen eng falsch Hoffnung gewiescht wier an datt fir en nohaltegen Opschwong eng Erhuelung a China den Haaptfaktor ass (+1,8 mpd potenziellen Demandewuesstem am Joresverglach). Mee et gëtt ëmmer méi kloer, datt et nom unhalende pandeemesche Schock Zäit brauch, bis all Zännrieder vun der Chineesescher Wirtschaft erëm propper lafen.

Bei de feste Rendementer, gi mir bei de Lafzäite méi konstruktiv, elo wou d'Zentralbanken bei den Endstadium vum Inflatiounskampf kommen, an ouni ze probéieren, de genauen Héichpunkt zäitlech festzeleeën, siche mir no techneschen Astigspunkten, fir eis Ënnergewiichtung auszebauen. Mir hunn eng liicht Preferenz fir Treasuries zugonschte vun europäeschen Equivalenter virum Hannergrond, datt eng Paus bei der Fed hierer Straffungscampagne ëmmer méi no réckt.

Den Ament konzentréiere sech eis fest Rendementsbestänn am Investment-Grade-Beräich. Genee ewéi bei den Aktië leeë mir eise Schwéierpunkt bei eiser Selektioun op d'Qualitéit. Et schéngt, datt d'Mäert duerch déi länger Period vun nidderegen oder Null-Zënse säit der weltwäiter Finanzkris onempfindlech géintiwwer de Risike vun héije Scholdenniveaue gi sinn. Elo awer, mam sech ofzeechnende Wiessel bei der Disponibilitéit an de Käschte fir Kapitalbeschafung, ass Virsiicht ugesot, besonnesch bei den Obligatiounen am ënneschte Qualitéitsspektrum.

Bei den High-Yields war eist Positionnement vis-à-vis vu Contingent Convertibles (CoCos) offensichtlech vum Credit Suisse (CS) Debakel bestëmmt (mat enger Ofschreiwung vun ëm déi 17 Milliarden USD vun dësen Instrumenter, wärend Aktieninvestisseuren hir Undeeler deelweis an UBS-Equivalenter ëmgewiesselt kruten). Mir hunn eis Positioune léiwer gehal ewéi Verloschter ze realiséieren, wat sech als eng gutt Decisioun erwisen huet. De weltwäite Maart ass amgaang sech ze erhuelen, ënnerstëtzt vum Fait, datt aner Jurisdictiounen hir Positioune bei der Handhabung vun dësen Instrumenter am Fall vun enger Faillite kloergestallt hunn. Fir un dësem Opschwong deelzehuelen, hu mir eist Positionnement no uewen ajustéiert, fir datt dës Instrumenter nees de selwechte Prozentsaz vun eise Portefeuillen ausmaachen ewéi virun der CS-Affär.

Mir behalen eist Positionnement bei Gold bäi, fir d'Portefeuillen e wéineg géint potenziell Stressperioden um Maart ofzeschiermen.

Conclusioun

Obwuel mir eng ongewinnt héich Allokatioun fir Cash hunn, recommandéiere mir net, komplett aus deem Maart auszesteigen. Ëmmer erëm hu Studie gewisen, datt d'Verpasse vu just e puer gudder Deeg op de Mäert e bedeitenden Afloss kann op d'Performance hunn. Mee kee ka viraussoen, wéini déi Deeg sinn. Dofir ass et besser, systematesch investéiert ze bleiwen a gläichzäiteg d'Risike gewëssenhaft ze geréieren. Andeem mir eng defensiv an diversifizéiert Approche huelen, hoffe mir, d'Gesamtvolatilitéit vun eise Portefeuillë grad ewéi d'Nodeeler ze limitéieren, sollte sech d'Maartkonditiounen zum Schlechte wenden. Mir erreechen dat duerch a) e konservatiivt Positionnement bei Risikoaktien, b) e Schutzwall vu sécheren Häfen ewéi Gold, c) eng defensiv Secteurselektioun an d) eng Preferenz fir staark, gewënnbréngend Entreprisen, deenen hiert Schicksal net vum Op an Of vun der Wirtschaft bestëmmt gëtt.

Quell: Bloomberg, BIL


More

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

January 29, 2024

Bilboard

BILBoard Januar 2024 – Si mir endlech...

D'Fed an d'EZB hunn hire jeeweilegen Zënserhéijungszyklus ofgeschloss. Warscheinlech laut d'Fed de Lockerungszyklus an (awer eréischt der jëtzeger Maarterwaardung entspriechend nom Mäerz). D'EZB huet ugedeit,...

October 4, 2023

Bilboard

BILBoard September 2023: Héchstzënssä...

Obwuel d'Zentralbanken nach e puer lescht Upassunge virhuele kéinten, sinn déi meescht Maartparticipanten der Meenung, datt mir bei den US- an europäeschen Zënssätz d'Spëtz erreecht...

August 10, 2023

News

BILBoard August 2023 – Erausfuerderun...

D'Iddi, datt d'Zentralbanke vläicht mat hiren Zënssazerhéijunge fäerdeg sinn, gewënnt u Bedeitung. An den USA huet d'Federal Reserve d'Zënssätz eelef Mol bis an de Beräich...

All articles